Wat ass Är Liblingsfaarf? Rout? Gréng? Giel? Oder blo? A firwat ass dat esou? Faarwe produzéieren ëmmer erëm, meeschtens onbewosst, Gefiller an Emotiounen. Faarwen als Sënnesausdrock ginn iwwert d'Aen opgeholl, am Gehier verschafft a wierken direkt op den zentralen Nervesystem. Dacks sinn dës Reizer a Gefiller, déi ee mat engem Faarftoun verbënnt, individuell gepräägt. Ma net nëmmen, Nicky Soisson. 

15092020 Faarwen a Gefiller

Op der ganzer Welt sinn d'Leit sech eens, op mannst mol wat d'Faarwen an déi domadder verbonne Gefiller uginn: Rout steet fir d'Léift ma och fir Ierger. Giel suergt fir Freed a brong beréiert emotional éischter wéineg. Weltwäit géif sech do eng grouss Konformitéit weisen, seet och den Daniel Oberfeld-Twistel vum Psychologeschen Institut vun der Johannes Gutenberg Universitéit vu Mainz, dee sech un der internationaler Etüd iwwer d'Associatioun vu Faarwen a Gefiller bedeelegt huet.

 
Bei dëser Etüd goufe bal 4.600 Leit aus 30 Natiounen op 6 Kontinenter befrot. Si hunn 12 Faarwe misste mat jeeweils bis zu 20 Gefiller vun ënnerschiddlecher Intensitéit zouuerdnen. Dorausser hunn d'Fuerscher déi national Mëttelwäerter gebilt an hunn dës mam weltwäiten Duerchschnëtt verglach.
 
Nieft de constatéierten Änlechkeeten um globale Niveau spillt och d'Kultur eng grouss Roll, esou d'Fuerscher. Zum Beispill gëtt wäiss a China méi staark mat Trauer verbonne wéi an anere Länner, änlech ass et fir mof a Griicheland. Méiglecherweis läit dat dorunner, dass a China bei Begriefnisser wäiss gedroe gëtt a mof an der griichesch-orthodoxer Kierch genotzt gëtt Trauer auszedrécken.

Wat déi verschidde Länner méi wäit ausenaner leien, wat d'Ënnerscheeder bei den Associatioune vu Faarf a Gefiller ëmsou méi grouss sinn.
Dobäi géing och d'Sprooch eng Roll spillen. Ma och dat jeeweilegt Klima huet Afloss dorobber wat mir mat de Faarwen associéieren. Sou gëtt, de Wëssenschaftler no, d'Faarf giel a Länner mat wéineg Sonn méi staark mat Freed verbonne wéi a Regiounen, déi vill sonneg Deeg am Joer hunn. 
 
Déi genee Ursaache fir dës Änlechkeeten an Ënnerscheeder sinn dem Oberfeld-Twistel no nach onkloer. Vill Froe missten dofir nach gekläert ginn, wéi zum Beispill d'Sprooch, d'Kultur, d'Relioun, d'Entwécklungsgeschicht vun der Mënschheet sou wéi déi mënschlech Perceptioun.