DFB-Pokal oder de Benedict Cumberbatch.

D'Bundesliga fänkt de Weekend deen elo kënnt un, e klenge Virgeschmaach ass déi éischt Haaptronn vun der däitscher Coupe. Déi lescht 3 Deeg ass scho vill gespillt ginn an haut geet et weider; am Asaz sinn den HSV, Hannover, Bielefeld an Dortmund. De Match MSV Duisburg géint de BVB gëtt an der ARD gewisen, d'Iwwerdroung fänkt um 20:15 un.

Selwecht Zäit, anere Sender; op Pro Sieben gëtt de Fantasy-Action-Film Doctor Strange vu viru 4 Joer gewisen.

De Neurochirurg Stephen Strange, gespillt vum Benedict Cumberbatch kann no engem Accident net méi als Dokter schaffen, hie gouf uerg un den Hänn blesséiert. Am Nepal taucht hien an eng Welt vun alternativen Dimensiounen an a gëtt esou dee gréissten Zauberer op der Welt. Doctor Strange um 20:15 op Pro Sieben.