Wéi schlofen erfollegräich Leit? Enger Etüd no wier et méiglech den Zesummenhang tëscht der Positioun an där Dir schlooft an Ärer Pai ze fannen, d'Nicky Soisson mat den Detailer.

16092020 Schlofpositioun an Akommes

Verschiddener schlofen op der Säit, anerer um Bauch an da ginn et och nach déi, déi sech direkt iwwert dat ganzt Bett breet maachen an esou dem Partner wéineg Plaz iwwreg loossen. D'Positioun an där mir schlofen, ka vill iwwert eis soen an anscheinend kéint se och iergendwéi mat eiser Pai zesummenhänken. Et schéngt wéi wann erfollegräich Mënschen a bestëmmte Positioune géinge schlofen.

Bon ok, dat klengt effektiv e bëssi no Humbug! Ma an enger Etüd vun OnBuy, der brittescher online Maartplaz änlech wéi Amazon, hu méi wéi 5.400 Leit deelgeholl. An doranner weist sech, dass et bestëmmte Persoune ginn, déi méi produktiv an och méi verdéngen wéi anerer. Dofir brauch een zwar elo net wierklech eng Etüd, mee bref!

Dës Online-Ëmfro elo huet sech virun allem domadder beschäftegt fir erauszefannen ob et eng Relatioun tëscht der Schlofpositioun an dem Verdéngscht gëtt. Virop ass et scho mol esou, dass d'Fötuspositioun, also déi wou een d'Bee Richtung Broscht zesummerullt, bei wäitem déi beléiftsten ass. Direkt hannendru kënnt déi wou een um Bauch schléift an d'Këssen an den Aarm hëlt. Wetten Dir sidd grad am gaangen Iech selwer ze froe wéi Dir schlooft?

Wann Dir schonn dobäi sidd, da kuckt och mol nach eng Kéier no wéi vill Dir d'lescht Joer verdéngt hutt.

OnBuy no géingen nämlech ronn een Drëttel vun de Leit, déi méi wéi 60.400 Euro verdéngen, um Bauch schlofen. Direkt hannen dru kënnt dann d'Positioun vum Zaldot, also déi wou een um Réck läit, d'Been riicht ausgestreckt an d'Äerm laanscht d'Heften leeft - eng Positioun déi iwwregens nëmme vun 10% vun deenen ageholl ginn, déi méi e klengt Akommes hunn.

D'Etüd wollt awer och d'Relatioun tëscht dem Salaire an der Unzuel vun de Schlofstonnen analyséieren. Hei huet sech gewisen, dass Leit déi méi verdéngen an der Moyenne 6 Stonnen an 58 Minutte schlofen an erstaunlecherweis deemno 22 Minutte méi wéi déi di manner verdéngen! Allerdéngs géinge si awer éischter opstoen, am Duerchschnëtt 24 Minutten éischter wéi den Duerchschnëtt, dee manner verdéngt. Vläicht ass jo d'Spréchwuert "de fréie Vull fänkt de Wuerm" jo awer net sou falsch? Bis dato hunn ech dee perséinlech ëmmer léiwer op d'Schëff geschéckt! War wuel keng sou gutt Iddi ;)

Aus dëser Etüd geet awer leider net ervir ob ee säin Akommes och ka mat senger Schlofpositioun beaflossen? Fakt ass jiddwerfalls, dass och eng schlecht Qualitéit vun eisem Schlof eis Leeschtung am Dag beanträchtegt an deemno och eis Produktivitéit. Wat dann alt erëm mat eisem Akommes zesummenhänke kéint. Ok, also eleng nëmmen um Bauch ze schlofen, schéngt wuel definitiv net duerzegoe fir räich ze ginn! ;)