2 mol Schlappekino.

Um däitschen RTL ass de Mario Barth an Aktioun. Um 20:15 fänkt Mario Barth deckt auf! Die teuersten Fälle aller Zeiten un. De Comedian hëlt déi däitsch Autoritéiten, respektiv d'Steiergelder déi vun deenen zur Fënster erausgehäit ginn. Den Owend geet et ëm d'Chantieren op den däitschen Autobunnen.

Eriwwer bei Kabel Eins; do leeft ëm déi selwecht Zäit den amerikanesche Copthriller 16 Blocks. Den Eddie, e klenge Gangster, soll op d'Geriicht bruecht gi fir do géint korrupt Polizisten auszesoen. Den Detective Mosley, liichte Problem mam Alkohol, soll duerfir suergen datt den Eddie ganz um Geriicht ukënnt.

De Mos Def an de Bruce Willis am Film 16 Blocks, den Owend um 20:15 op Kabel Eins.