De Brother Ray géif haut 90 Joer kréien. Am Laf vu senger Karriär huet hien 90 Milliounen Placke verkaf.

EasyEdit1// Op den DAg - Ray Charles

E Weltstar mat enger schwéierer Kandheet a spéideren Drogeproblemer géif haut 90 Joer kréien.
Geschicht vum Ray Charles ass déi wuel bedeitendst an der Geschicht vum Rythm and Blues a Soul.
A ganz aarme Verhältnesser ass hie grouss ginn. Ma de Ray Charles ass dacks bei sengem Noper fir hei Boogie Woogie a Blues ze lauschteren. Et ass och alt emol virkomm, dass hie Piano huet dierfe spillen.
Am Alter vu 5 Joer geschitt déi éischt grouss Tragedie am Liewe vum Ray Charles. Säi Brudder erdrénkt beim spillen an enger Bitchen. Den Charles konnt net hëllefen, seng Mamm koum e puer Minutten ze spéit. Wéi wann dat net scho genuch wier, sou gëtt den Ray Charles zu allem Iwwerfloss och nach Blann. 15 Joer méi spéit stierft seng Mamm.
Richteg lass gaangen ass et fir de Ray Charles nodeems hien an enger onbekannter Bar den Titel mam Numm What'd I Say improviséiert huet.
1959 huet hien Lidd mat sengem Grupp de Raelettes opgeholl.
WHAT'D I SAY # Refrain
Gëlle Plack sollt net laang op sech waarde loossen. Dernieft wat et de Startschoss fir dem Ray Charles seng aussergewéinlech Karriär. Hien war et deen de Gospel aus der Kierch an d'Welt bruecht huet. Jazz Blues a Country koumen dobäi. Den Charles huet all dës Stiler beherrscht.

23/09/2020 CUT Ray Charles ITV

D'Musek a meng Stëmm, de Piano a meng Stëmm fonctionnéiere gutt zesummen, déi 2 kéinten net ouni eneen. De Piano net ouni meng Stëmm, meng Stëmm net ouni de Piano. Ech hunn ni probéiert déi 2 ze trennen. Ech hunn zu Gott gebiet, dass dat ni dierft geschéien.
De Ray Charles huet Millioune Placke verkaf. Ma hannert dem Genie war e groussen duercherneen. Vill Fraen, 12 Kanner an dann Ofhängegkeet vun Heroin. No ville Problemer mat der Police huet hien eng Kur gemaach. Mat Succès. Fir seng Fans a fir seng Léift zur Musek, wat méi staark wéi Drog war.

23/09/2020 CUT Harry Lapp

De franséische Produzent, den Harry Lapp, erënnert sech.

Bis zu sengem Dout den 10. Juni vum Joer 2004 war de Ray Charles erëm do ënnerwee wou hien higehéiert huet. Op de Büünen vun dëser Welt.