Gutt 6 Méint laang liewe mir elo mat der Pandemie an dagdeeglech spiere mir Aschränkungen a Konsequenzen, déi hiren Ausbroch mat sech bréngen. An dat belaascht, net nëmme perséinlech mee och eis sozial Interaktiounen a Bezéiungen. Obwuel mir eis sou lues un den Alldag mat eise Maske gewinnt hunn, ënnersichen Etüde well wat et fir eis Kommunikatioun bedeit, wann drop an dowidder eng Mask muss ugedoe ginn, Nicky Soisson.

18092020 Kommunikatioun mat der Mask

A genee do wiere mir da bei der Fro, déi eng rezent Etüd vum Claus-Christian Carbon, Psycholog vun der Uni Bambert, an de Raum geworf huet.

An dëser Etüd hunn Testpersounen am Alter vun 18 bis 87 Joer verschidde Stëmmunge bei Leit bewäert, där hiert Gesiicht entweder ze gesinn oder awer deelweis vun enger Gesiichtsmask bedeckt war. Den Challenge war et Emotioune wéi Trauer oder Freed richteg ze interpretéieren. D'Resultater ware net wierklech iwwerraschend, well et ass zimmlech däitlech ervirgaangen, dass d'Droe vun enger Mask dat emotionaalt Liese vun de Participante staark behënnert huet. En Gros goufe 4 vu 6 Emotioune beim Droe vun enger Mask däitlech manner dacks erkannt. Dobäi kënnt nach, dass et och nach Ënnerscheeder jee no Geschlecht, Alter an a Funktioun vun der Emotioun goufen.

Esou sinn zum Beispill jonk Frae däitlech besser an der Lag e rosent Gesiicht ouni Mask ze erkennen, iwwerdeems jonk Männer Roserei bei Leit mat Mask besser deite kënnen. Grouss Schwieregkeete gouf et ënnert anerem bei eelere Leit, déi d'Emotioun Eekel opgrond vun der verstoppter Mond-Nuese-Partie nëmme nach zu 25% aplaz vun ongeféier 90% erkannt hunn. Grad Emotioune wéi Freed, bei deene besonnesch de Mond eng Roll spillt, ginn duerch d'Maske méi schwéier erkannt.

Kierpersignaler, Gesiichtszich an Emotiounen ënnerstëtzen a begleeden deemno eis verbal Kommunikatioun. A wann déi net méi ze erkennen ass, da feelt do eppes Wichteges. Obwuel a Gespréicher meeschtens dat am Virdergrond ze stoe schéngt wat geschwat gëtt, ginn duerch déi non-verbal Sprooch Gefiller ausgedréckt a Betoununge gesat.

D'Resultater vun der Etüd confirméieren, dass Gesiichtsmaske staark Aschränkungen an der Deitung vu Gesiichtsausdréck ausléise kann an et enger erfollegräicher Kommunikatioun net ze Gutts komme kann. Deemno gëtt et grad elo ëmsou méi wichteg, eisem Géigeniwwer eis Emotiounen och iwwert eng renforcéiert Kierpersprooch däitlech ze maachen an eis géigesäiteg dobäi ze ënnerstëtzen eis wuertwiertlech gutt ze verstoen. 

Fir Iech awer e bëssi ze tréischten, denkt un déi kal Wanterméint. Do freet ee sech dann iwwert eng Mask. Lëpsen, déi an der Keelt opbaschten an Hals wéi duerch kal Loft, gehéieren der Vergaangenheet un.