E guidéierten Tour duerch Esch.

Am Kader vun der europäescher Woch vun der Mobilitéit organiséieren d'Stad Esch an d'Kulturfabrik e guidéierten Tour duerch d'Minettsmetropole. Wärend deem Spadséiergang kann een d'Kreatiounen entdecken déi wärend de leschte 6 Joer ënnert dem Motto Kufa's Urban Art Esch entstane sinn. D'Explikatioune ginn et op Lëtzebuergesch, den Tour dauert annerhallef bis zwou Stonnen an et kënnen 20 Persoune matgoen. D'Participatioun ass gratis ma et muss ee sech umellen, beim Service écologique vun der Stad Esch um 26 541 541.