Dëse Weekend gëtt gebotzt.

E Samschden ass de World Clean Up Day. D'Asbl Pickitup, Shime an Interactions profitéiere vun dëser Situatioun a fänke schonn haut u mat Botzen. Ënnert dem Motto Let's Tackle The Cigarette Butts Problem ass elo um 17:30 jiddereen invitéiert eng Hand mat unzepaken. Rendezvous ass virum Gemengenhaus zu Esch wou dann och e Stand ass op deem een alles kritt fir bei dësem Cleanchallenge matzemaachen. Viséiert sinn also d'Zigarettestëmp an der Minettsmetropole. Weider Informatiounen an d'Aschreiwung leeft iwwert d'E-mail-Adress hello@pickitup.lu . Natierlech gëtt dës Aktioun ënnert de sanitäre Mesure ofgehalen.

An den Owend ass den Optakt vun der Fussball-Bundesliga. De Champion München spillt doheem géint den FC Schalke 04. Wéi gewinnt gëtt den éischte Match vun der Saison am Free TV gewisen. D'Iwwerdroung am ZDF fänkt um 20:15 un. An obwuel et theoretesch méiglech wier, sinn den dann awer keng Fans an der Allianz Arena.