Elo dréit sech an de nächste Minutten hei alles ëm en Artikel, deen déi lescht Méint weltwäit nawell zimmlech beléift war a souwisou absolut net méi aus eisem Alldag ewech ze denken ass: de gudden Toilettëpabeier. Firwat et wichteg ass en ze benotzen, wësse mir well vu Kand un, ma eng Fro beweegt nach ëmmer d'Welt: wéi hänken ech dee Rouleau richteg op? D'Nicky Soisson huet sech mam Sujet ausenaner gesat.

22092020 Toilettepabeier richteg ophaenken

Ganz fréier waren et Steng an eis gutt Hänn, déi hu missten duerhalen. Räich Réimer hu Schwämm benotzt iwwerdeems den Normalstierfleche mat Lompen, Blieder a Stréi huet missten eens ginn. Eréischt wou d'Pabeier-Industrie ugefaangen huet sech ze entwéckelen, gouf et eng Nummer méi confortabel. 1857 war et du souwäit: endlech koum den 1. kommerziellen Toilettëpabeier an den USA op de Maart!

A wien hat déi fantastesch Iddi? De Joseph Gayetty! Deemools goufen et awer nach eenzel Blieder aus enger Këscht an trotzdeem war et well e risege Fortschrëtt par Rapport zu deenen Hëllefsmëttel, déi engem virdrun zur Verfügung stoungen. De Rouleau wéi mir en haut kennen, koum méi spéit an d'Spill !

1928 gouf zu Ludwigsburg déi 1. Fabrick fir Toilettëpabeier gegrënnt. Deemools war et awer net deen Douce mat Aloe Vera oder Kamill, nee nee, deemools war dat Déngens nach aus rauem Krepppabeier, aua! Rau Zäite gouf et iwwregens och an den USA. Eréischt 1935 gouf do deen 1. Toilettëpabeier ouni Spläiter patentéiert. E bëssi méi spéit, 1958, ass en dunn och bei eis e bëssi méi douce ginn. 

Ma säitdeem et den Toilettëpabeier um Rouleau gëtt, stellt sech déi weltbeweegend Fro: wéi een dësen ophänke soll! An do lount sech dann e Bléck op dat amerikanescht Patent fir Toilettëpabeier um Rouleau.

Dee Mann, deem d'Welt dee moderne Pabeier verdankt, huet iwwregens Seth Wheeler geheescht. 1891 huet hie seng Erfindung beim Patentamt ugemellt an och eng Zeechnung matgeliwwert. Op dëser ass däitlech ze erkennen: D'Richtung vum Pabeier weist no vir an hänkt iwwert dem Rouleau.

An awer ass d'Äntwert op d'Fro wéi en dann elo richteg hänkt net a Stee gemeesselt. Et ass selbstverständlech jidderengem fräi iwwerlooss de Rouleau esou opzehänke wéi en et gär huet. Allerdéngs huet déi Variant wou de Pabeier hannen erausluusst nëmmen Nodeeler: vill Supporte fir de Pabeier hunn nämlech en Deckel! Wann de Pabeier dann hannen erofhänkt, léisst e sech net mat enger Hand ofrappen. Dobäi kënnt och nach, dass den Deckel driwwer schautert wann een um Pabeier zitt. An dat ass net schéin! A wa mir da scho bei der Ästhetik sinn: déi flott Musteren oder Billercher gesäit een och nëmmen dann op den 1. Bléck wann de Pabeier vir eriwwer hänkt.