Um Dag vun haut huet de Stadion Camp Nu eng éischte Kéier seng Dieren opgemaach. Dat sinn elo 63 Joer hier. Bis zum Joer 2000 huet de Stadion awer Estadi del Futbol Club Barcelona geheescht.

24/09/2020 Op den Dag

99.354 Spectateuren hu Plaz am Camp Nu zu Barcelona. Et ass de gréissten Terrain an Europa. Et ass de gréisste Stadion vun engem Veräin op der Welt.
Et war de Spuenesche Titel aus de Joeren 1948 an 1949, deen dozou gefouert huet, dass een en eegenen Terrain huet misse bauen. Et hat een zu deem Zäitpunkt am Stadion Les Corts just 60.000 Plazen, domat war dësen net méi grouss genuch.
3 Joer huet een dru gebaut fir ob engem 24. September vum Joer 1957 d'Ouverture ze feieren. Ugefaange gouf mat enger Mass. Dono gouf de Stadion geseent fir dann e Match tëscht dem FC Barcelona a Legia Warschau ze spillen.
D'Spuenier hunn deemools 4 - 2 gewonnen.
An Joer 1982 goufen d'Gradinen nach eemol ausgebaut. Dat am Kader vun der Fussball WM. Vun deem Moment un sinn 119.000 Zuschauer era gaangen. Ma well d'UEFA verschidde Sécherheetsstandarden huet huet een dës Tribün erëm missen zeréck bauen.
Wien iwwregens eng Dauerkaart wëll hunn, dee muss Member ginn a sech dann op eng Liste d'Attente setze loossen. Iwwer 170.000 Membere bezuelen de Moment eng Memberskaart. Pro Joer ginn ongeféier 225 Plaze fräi.
Domat misst een +/- 42 Joer waarde bis een eng Plaz kritt.
De 17. November vum Joer 1982 huet de Poopst de Jean Paul den 2. eng Mass am Camp Nu gehalen. 120.000 Leit waren am Gebai. De Poopst krut duerno eng Memberskaart vum Veräin.