Den Adelmo Fornaciari besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Zucchero kritt haut 65 Joer. A senger Heemecht Italien stoung hien am Laf vu senger Karriär 13 mol ganz uewen an den Albumcharts.

25/09/2020 Op den Dag - Zucchero

Bekannt gouf den Zucchero am Joer 1987 mam Lidd Senza Una Donna.Net ze vergiessen seng grouss Kollektioun un Hitt. 

60 Millioune verkafe Placken hunn den Zucchero zu deem weltwäit beléiftsten italienesche Blues Rock Museker gemaach. Duerch seng Konscht als Sänger a Songschreiwer huet hien haart u senger Karriär geschafft. 

Hien huet souguer den Andrea Bocelli entdeckt. Haut ass dat ee vun de gréissten Tenore vun eiser Zäit. 

Den Zucchero ass scho mam Michael Jackson opgetrueden, mam Miles Davis oder och mam Sting. Mam Eric Clapton war hie souguer op Europatournée. 

Am Joer 1990 krut hien e bësse méi eng aussergewéinlech Éier. De Museker war weltwäit den éischte Rockmuseker deen am russesche Kreml opgetrueden ass. De Concert gouf Live a ganz Europa iwwerdroen.

Iwwregens, d'Invitatioun heifir krut hie vun enger russescher Ballet'sgrupp, déi der Meenung war, den Zucchero wier en italieneschen Operesänger. 

Nëmme 4 Joer méi spéit konnt hien eng weider kéier Geschicht schreiwen. Wéinst sengem Talent a senger Unerkennung huet hien am Joer 1994 als eenzegen europäesche Museker dierfen um legendäre Woodstock 2 spillen. 

Eppes ass dann awer anescht beim Zucchero. Trotz sengem Succès huet hien nëmmen eng eenzeg Single déi et op d'Nummer 1 vun de Charts gepackt huet. 

Nämlech Baila Sexy Thing. Ze fannen ass se um Album Shake aus dem Joer 2001.

Den Zucchero kritt haut 65 Joer.

Notéiere soll een sech och dass de Museker den 25/06/2021 an der Rockhal spillt. De Concert ass nach net ausverkaf.