Firwat  stierwen am Botswana  esouvill Elefanten? Déi Fro gouf sech an de leschte Méint gestallt, well net gewosst war u wat dat géif leien. Och de Corona-Virus gouf als eng méiglech Erklärung betruecht. Et gëtt awer elo eng Erklärung.

23/09/2020 Elefantestierwen am Botswana gekläert 06h10

An de leschte Méint goufen 330 Elefanten am Okavango-Delta am Nordweste vum Land dout opfonnt. Et gouf séier ausgeschloss, dass Jeeër Schold um Dout vun den Elefante wieren, well hir Zänn nach intakt waren. Et gouf dunn iwwer Gëft spekuléiert an nei Krankheeten.

Schold um Dout vun den Elefanten si sougenannt Cyanobakterien, Bloalgen déi Gëftstoffer enthalen. Dat ka Konsequenzen hu wann d'Déieren zum Beispill aus de Gewässer drénken. De Chefveterinär aus dem Nationalpark vu Botswana huet dat matgedeelt. Verschidde Laboen hätten d'Mikroorganismen souwuel an den Déieren wéi och am Waasser nogewisen. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass duerch d'Dréchent an déi staark Reenzäit déi duerno koum, sech Bakterien an den Drénkwaasserplaze forméiert hunn.

Eppes wier awer nach onkloer: firwat sinn nëmmen Elefanten dovunner betraff  a firwat nëmmen an enger bestëmmter Regioun vum Land? Eng méiglech Erklärung wier, dass Elefanten déi eenzeg sinn, déi d'Waasser vun ënnert der Uewerfläch drénken an domadder och de Bulli.

Néirens op der Welt liewen esouvill Elefanten wéi am Botswana, 130.000 ginn der geschat. Dat ass en Drëttel vun all den Elefanten um afrikanesche Kontinent. D'Land huet sech mëttlerweil esou staark fir hire Schutz agesat, dass Baueren an Duerfbewunner sech iwwert déi héich Zuel bekloen. D'Elefanten géifen d'Recolte an d'Haiser zerstéieren. D'Regierung huet doropshin decidéiert d'Juegd op d'Elefanten nees zouzeloossen, maximal 272 Déieren dierften am Joer gejot ginn.

Gutt Nouvelle: mam Ausdréchnen vun de Waasserplazen um Enn vun der Reenzäit wieren zanterhier och keng Elefanten méi gestuerwen. An et ass een och amgaang ze ënnersichen wat ee ka maachen, fir dass dat Massestierwen vun den Elefanten an Zukunft net méi virkënnt.