D'Peanuts: Fir muncher ee sinn si einfach nëmmen Helden aus der Kandheet, och wann dem Charlie Brown esou munches schif gaangen ass. Viru 70 Joer huet alles ugefaangen.

02/10/20 Op den Dag : Peanuts

Ufanks ware Peanuts e Comic Strip. E koum just a 7 Zeitungen eraus. Et sollt net laang daueren an Peanuts sinn zu engem weltwäite Phänomeen ginn. Nach bis haut, méi wéi 20 Joer nom Dout vum Charles M Schulz, hirem Erfinder, kann een se bewonneren. Sief et an Zeitungen oder op der Tele.

Dat éischt Wierk koum op engem 22. Februar vum Joer 1937 eraus. Am Ripley's Believe It or Not Comic Panel ass eng éischt Geschicht opgedaucht. Ze gesinn: Eng Famill mam Hond Spike, deen all Zort u komesche Saachen ësst ouni dovu krank ze ginn.

10 Joer méi spéit, nom 2. Weltkrich war den Chalres M Schulz als Veteran un der art school als Proff aktiv. Hei krut hien seng éischt Kanner Comic Serie, déi am Minneapolis Star-Tribune verëffentlecht gouf. Se huet Lil Folks geheescht.

Dësen Numm gouf 3 Joer méi spéit, am Joer 1950, a Peanuts ëmgeännert. Dat nodeems hie bei engem Editeur ënnerschriwwen hat, d'Iddi koum iwwregens vum Editeur. Dem United Feature Syndicate.

Op engem 15. November huet den Charlie Brown eng éischte Kéier probéiert e Football ze schéissen. E running Gag, dee bis haut nach esou leeft. Et geléngt him ni. Deemools gouf de Ball nach vum Violet gehalen, wat dat spéider Lucy sollt ginn.

Bäi koumen no an no de Snoopy, dem Lucy Van Pelt säi Brudder de Linus an de Sprong op Tele. Eng éischte kéier war dat den 09. Dezember vum Joer 1965 op CBS-TV.

De Succes vun de Peanuts ass weider gewuess. Et krut een e Stär um Hollywood Walk Of Fame. Et war een um Cover vum Time Magazine. En Emmy an e Peabody Award konnt Serie ofstëbsen. Jo et gouf souguer e Kinosfilm.

Den Charles M Schulz stierft op engem 12. Feburar vum Joer 2000. 2 Joer méi spéit geet zu Santa Rosa a Kalifornien den Charles M. Schulz Museum and Research Center op.