Wat Concerten zu Lëtzebuerg betrëfft, si mir nach wäit ewech vun der Normalitéit. Trotzdeem kann ee mol hei mol do an de Genoss vu Livemusek kommen.

Dat geet zum Beispill haut den Owend zu Biissen. Do ass haut den Ofschloss vun der europäescher Mobilitéitswoch mam Urban Village - Blues to Bissen. De Mëtten um 16:00 huet den After-Work ugefaangen, deen nach bis 21:00 den Owend dauert. Do trieden dann och zwou Lëtzebuerger Gruppen op, Heavy Petrol an de Kid Colling Cartel. Selbstverständlech alles ënnert de sanitäre Mesuren. Wéi dat an Zäite vu Corona well Usus ass, muss ee seng Plazen am viraus reservéieren, villäicht ass jo nach e Stull fräi.

Wien awer léiwer den Owend virun der Tëlee verbréngt, kéint jo Kabel 1 aschalten. Um 20:15 leeft den Animatiounsfilm ronderëm e Panda dee Kung Fu kann, op alle Fall mengt hien dat mol. Kung Fu Panda.