E gratis Concert um Kierchbierg a Fussball.

Infinity Shopping, dat ass d'Galerie vis-à-vis vun der Philharmonie an der Avenue Kennedy hei um Kierchbierg, proposéiert och dëse Mëttwoch nees e gratis Concert. Op Besuch ass déi Kéier déi franséisch Grupp Pop Avengers. Um 18:00 geet et lass, natierlech muss ee seng Plazen am Virfeld reservéieren.

Donieft ass haut den Owend dann och de komplett 5. Spilldag an der BGL Ligue am nationale Fussball. Den Tabellenéischte Wolz muss op Rodange reesen, de Swift Hesper empfänkt den F91 an den Tabellendrëtte Victoria Rouspert empfänkt den Tabelleleschten Una Stroossen an ënner anerem spillen och de Progrès Nidderkuer an Titus Péiteng géint eneen. Bei zwou Partien, Hesper géint Diddeleng an Nidderkuer géint Péiteng, ass de Radio den Owend Live dobäi. De 5. Spilldag an der ieweschter Spillklass gëtt um 20:00 ugepaff.