En nawell zimmlech heefegen Nieweneffekt vun de Maske si bei ville Leit déi lästeg Eessen, déi een dovunner kritt. Dat Positiivt ass zwar, dass kee se gesäit well se sou schéin ënnert dem Mondschutz verstoppt sinn an awer nerven se, spéitstens da, wa mir eis doheem an eise 4 Wänn an de Spigel kucken. Ma wat kann ee maache fir déi ellen Dénger lass ze gi respektiv mol iwwerhaapt net ze kréien? D'Nicky Soisson kläert op.

28092020 Pautschen duerch Masken

Zanter deem jiddereen eng Mask muss undoe fir sech géint de Covid-19 ze schützen, triede se rëm méi dacks op. Déi lästeg Eessen, déi mir dach eigentlech well mat eiser Pubertéit ad Acta geluecht haten. Bei deenen enge sinn et just vereenzelt kleng Pickele ma bei anerer kann dee Phenomen zu richteg schlëmme Pautschen ausaarten. Ma wou kommen se hier a wéi kann ee se nees lass ginn?

Wou se hier kommen ass eigentlech ganz einfach a séier erkläert. Doduerch dass d'Mask sou no op eiser Haut läit, virun allem op a ronderëm d'Nues an de Kënn, kënnt wéineg bis keng Loft un eis Poren, se verstoppen an Zack schéisst et aus am Gesiicht. Déi waarm a fiicht Ambiance ënnert de ville Maske gëtt deem ganzen dann nach de Recht!

Ganz wichteg ass scho mol d'Mask, souwäit et da méiglech ass, direkt auszedoen an ze wiessele wann ee mierkt, dass sech an eisem Gesiicht ënnert dem Schutz grad en tropescht Klima entwéckelt. Virdru soll een awer idealerweis nach e puer Minutte frësch Loft un d'Haut komme loossen. Ma sou oder sou gëllt et no spéitstens 2 Stonnen eiser Haut eng kleng Paus ze gënnen.

A fir dass et mol guer net zu der Gesiichtssauna kënnt, sollt een idealerweis zu engem Material gräifen dat e Minimum ootmungsaktiv ass, wéi zum Beispill Masken aus Kotteng.

Wann Iech Är Haut generell well souwisou Problemer mécht, dann heescht et d'Mask méi dacks wäschen a wiesselen. Mol ofgesinn dovunner, dass een dat souwisou sollt maachen, kënnt Är Haut domadder manner mat Keimen a Kontakt an ergo ginn et manner Eessen. Ausserdeem soll ee fir seng Mask e Wäschpolver benotze wat esou natierlech wéi méiglech ass, idealerweis ouni Bicarbonat oder Weichspüler.

Owes wann een dann doheem a senge 4 Wänn ass, heescht et d'Gesiicht gutt wäschen ouni awer elo ze iwwerdreiwen, well och ze vill Waasser a Seef schuet eiser Haut! Dono kënnt Dir äert Gesiicht dann och esou richteg gutt mam gewinnte Programm verwinnen!

Wichteg zum Ofschloss ass dann och nach, an dat betrëfft da wuel éischter eis Dammen, daagsiwwer op ze vill fetteg Crèmen souwéi op Make up sou gutt wéi méiglech ze verzichten. Ass jo u sech, op mannst wat de Make up ugeet, op de Baken, ëm de Kenn an d'Nues total iwwerflësseg, well souwisou keen Iech ouni Mask dobausse gesäit. Och wann Dir déi aner Partien am Gesiicht u sech weiderhi normal kënnt bemolen, sou wier dann awer vläicht och op der Stier vum Make up ofzeroden. Wann Dir Äre Mondschutz nämlech dann awer mol ausdoe kënnt, da wëllt Dir jo net onbedéngt wéi en Zebra ronderëm lafen!