Wa mir op der Toilette Waasser zéien, kënne Virussen aus eisen Exkrementer an d'Loft geroden an esou Infektiounen ausléisen. Fir deem Problem entgéint ze wierken, gouf elo en Toilettendeckel mat Coronafilter entwéckelt. D'Nicky Soisson mat den Detailer.

06102020 Toilettendeckel mat Coronafilter

De Summer ass leider eriwwer a mir verbréngen erëm méi Zäit dobannen an do freeë sech d'Virussen an d'Keimen. Déi fille sech an zouene Reim sou richteg wuel a kënne sech ongenéiert multiplizéieren. Dat gëllt natierlech och fir de Covid-19. Reegelméisseg gutt duerchlëften ass dëse Wanter deemno ëmsou méi d'Devise. Ma dat ass awer net ëmmer an iwwerall méiglech! Zum Beispill op der Toilette!

Ma grad hei läit d'Kromm an der Heck!  Et ass jo näischt Neits, dass sech op der Toilette eng helle Wull u Keime Rendez-vous ginn. Ma de Problem läit awer an dësem Fall nach anzwousch anescht: wa mir d'Waasser zéien, da verspreeë mir alles sou richteg duerch de ganze Raum. Etüde no fënnt een nämlech an eise mënschlechen Ausscheedungen, déi de Wee an de Komp fannen och Partikele vun deene Virussen, déi mir an eis hunn. Duerch d'Spulle ginn déi da verdeelt an domat gëtt eis ganz Toilette zu enger Keimschleider.

Ma wat wier d'Corona-Pandemie ouni ëmmer nees nei Erfindungen? Natierlech gëtt et och heivir well eng Léisung: en Toilettendeckel mat Coronafilter! 

Dat fuschneit Déngens mam Numm "Belair 3000" botzt aktiv d'Loft well am hënneschten Deel ass eng Belëftung mat Filter. Und wer hat's erfunden? De Schwiitzer Raymond Lüdi!

D'Vire ginn am Filter ofgefaangen an onschiedlech gemaach. Doduerch si keng Vire méi an der Loft wa gespullt gëtt. Besonnesch an ëffentlechen Toilette kéint den Deckel fir méi Sécherheet suergen.

Am Ufank gouf dee Filter eigentlech an den Deckel agebaut fir ouni Gestank kënnen op den Troun ze goen a war bis dato aus Aktivkuel. Dësen huet well Bakterien a Virusse opgefaangen, ma en absolutte Schutz gouf et domadder net. Dowéinst koum dann elo nach en FFP2-Filter dobäi!

Den Toilettendeckel mat Coronafilter ass aktuell a Produktioun a kascht sou tëscht 185 an 230 Euro. Fir dee Präis kritt Dir dat Déngens entweder mat engem Akku oder mat Kabel. Dobäi kommen dann nach ëm 45 Euro fir de Filter dee no ronn 4 Méint muss gewiesselt ginn.

Dem Schwäizer Inventeur no soll dësen Toilettendeckel do donieft och nach d'Energiekäschten no ënnen drécken, well net méi muss ventiléiert ginn. A last but not least kéinten 0.52 Tonnen CO2 pro Stot a Joer verhënnert ginn. Wat Saachen...

Fir all déi Leit déi elo net an esou en Hightech Toilettendeckel investéiere wëllen oder kënnen, hëlleft et och schonn den Deckel virum Waasser zéien einfach zou ze maachen!