Beatle a Working Class Hero - den John Winston Lennon huet net nëmme Museksgeschicht geschriwwen. Haut hätt de Rockstar a Friddensaktivist 80 Joer kritt.

09/10/2020 John Lennon 80

„Mir hunn eis net getrennt well mer keng Frënn méi waren, mä well mer eis gelangweilt hunn. A Langweil bréngt Spannungen ervir.“
Mat dëse Wierder huet de Lennon d'Kapitel „Beatles“ resuméiert. An zwar esou, wéi een et vun him ëmmer a vrun allem no 1970, dem Enn vun de Fab Four gewinnt war: Riichteraus, ouni Filter, ouni Makeup, ëmmer am Sënn vu senger aktueller Gefillswelt.

7 Joer nodeems e mat McCartney, Harrison a Starr England a kuerz drop d'USA an de Rescht vun der Welt eruewert hat, huet och hie sech a Solo-Projeten lancéiert. Ëmmer u senger Säit, och um kreative Niveau, seng zweet Fra Yoko Ono, mat där en sech no an no zu engem politesch-engagéierten Artist entwéckelt huet.
Kritik un der Klassegesellschaft, Concerte kéint de Vietnamkrich an net ze vergiessen: Déi sougenannte Bed-In-Aktioun an Hotelen zu Amsterdam a Montréal, wou Lennon an Ono bal 1 Woch laang an hirem Bett Interviewe ginn hunn ënnert dem Motto: „Léiwer am Bett leien an d'Hoer wuesse loossen ewéi Krich féieren.“

No 2 gudden Albumen koum eng méi komplizéiert Zäit an där de Lennon, mëttlerweil zu New York installéiert, mat Drogeproblemer ze kämpfen hat an och seng Relatioun mam Yoko Ono eng Zäit laang op Äis geluecht huet. Seng Aussoen an der Ëffentlechkeet ware mat Momenter esou radikal, datt esouguer den FBI eng Iwwerwaachung decidéiert huet. Eréischt 1976 krut de Museker seng „Green Card“, de Sträit mam Yoko war vergiess, säin 2. Fiels Sean war op der Welt an den John huet sech eppes méi an d'Privatliewen zeréckgezunn. Eng Roll, an där en nawell ganz zefridde war.

Eréischt 1980 ass en erëm musikalesch aktiv ginn, ausgerout an inspiréiert huet en um Album „Double Fantasy“ déi Lidder erausbruecht, un deenen en als Hausmann ëmmer nees gebastelt hat an déi haut, och wa se net de Bëss vu fréiere Kompositiounen hunn, zu senge schéinsten a populäerste Songs zielen.

De Lennon war nees no u senger aler Form, fir d'Fréijoer 81 war eng Tournée a Japan, Europa an Amerika geplangt. Den 8. Dezember 1980 owes kuerz virun 11 Auer ass e viru senger Wunneng am Dakota Building vum Mark David Chapman, engem Fan, deem en nach nomëttes eng LP signéiert hat, mat 5 Kugelen erschoss ginn.

Kaum en anere Museker gëtt haut nach ëmmer esou vermësst ewéi den John Winston Lennon. E rosenen Idealist mat engem groussen Häerz, deen un allem interesséiert war an deen d'Kand ëmmer mam Numm genannt huet.