Kennt Dir dat? Eng feelt ëmmer. Gefillt no all Wäsch geet déi grouss Sich no de Strëmp lass - a meeschtens bleiwen eleng geloosse Single-Strëmp iwwreg obwuel se dach als Koppel an d'Wäschmaschinn gewandert sinn. Wat geschitt nëmmen an där Trommel? A wéi léisst sech verhënneren, dass se permanent verschwannen? D'Nicky Soisson ass dem Problem op de Fong gaangen an huet Iech e puer Léisungen zesummegesicht. 

08102020 Waeschmaschinn huet Stremp gefriess

Et kléngt komesch, ma dëst Phänomen gouf souguer well wëssenschaftlech ënnersicht. 2016 hu Fuerscher am Optrag vu Samsung eng Etüd iwwert d'Verschwanne vun de Strëmp gemaach an dofir 2.000 Leit gefrot. D'Resultat: 1,3 vun deenen Dénger verléiert all britteschen Awunner pro Mount. Fir d'Warscheinlechkeet vum Verloscht vun eise Strëmp ze berechnen, hu Wëssenschaftler souguer eng Formel opgestallt - dee sougenannte "Sock-Loss-Index".

Facteuren, déi eng Roll solle spillen, wieren den Ëmfang awer och d'Komplexitéit vun der Wäsch, de perséinleche Spaass um Wäsche souwéi de Grad un Opmierksamkeet vun de Leit déi d'Maschinn fëllen. 

Besonnesch wichteg wier awer wuel den Ëmfang vun der Wäsch. Wann een d'Wäschmaschinn ze vill voll mécht, da mutéiert den Apparillo zum Strëmpfriesser. 
De Problem ass, dass beim Schleidere bannen an der Wäschmaschinn eng Lück entsteet an déi eenzel kleng Strëmp eragezu kënne ginn. Dat schwaarzt Lach ass tëscht der Trommel an der Dichtung. Vun do aus kënnen eis Féisswiermer souguer an de Kär vun der Maschinn erageroden wou se an der Heizungsstang hänke bleiwen a sech mat der Zäit opléisen.

Ma déi gutt Nouvelle: Dir kënnt eppes maache fir Är léif Strëmp ze schützen!

Als éischt a wichtegst Reegel gëllt et d'Wäschmaschinn net ze voll ze stiechen. Experte roden dozou tëscht der Wäsch an der Trommel nach eng Handbreet Plaz ze loossen. Spréch, d'Maschinn soll net méi wéi 3/4 gefëllt sinn. Mat Hänn a mat Féiss d'Wäsch an d'Trommel drécke fir den Deckel dann nach iergendwéi zou ze kréien, war deemno gëschter wann dir net äre Stock u Strëmp permanent erëm wëllt erneieren!

Do donieft kënnt dir awer och nach de Volume vun de Strëmp vergréisseren. Dat heescht elo net, dass Dir mat hinne Lastik spille sollt a se iech dono bis un d'Heft reechen. Ma nee, och bei de Strëmp heescht et: zesumme si mir méi staark...a méi grouss! Eng einfach a gënschteg Method ass et deemno, se einfach zesummenzestrécken.

Oder awer Dir leet se ganz einfach an e Netz speziell fir d'Wäsch an der Maschinn ze schützen. Der Fraewelt missten déi Netzer e Begrëff sinn, well dacks gebrauche mir déi fir eis Soutienen oder aner delikat Wäsch dran anzepaken.

Alternativ ginn et awer och sougenannte Clips fir d'Strëmp mat deenen een dës jeeweils zu 2 bëndele kann oder nach besser, carrement Strëmp mat Knäpp. Saachen, déi d'Welt zwar net wierklech brauch, ma falls et Iech interesséiere sollt, da surft mol um Internetsite vun engem vun de gréissten Online Butteker weltwäit. Dir wäert erstaunt sinn, wat et do alles fir Léisungen ze kafe ginn...