Den 3. November ass et nees sou wäit, da gëtt an den USA de neie President gewielt. Elo am Virfeld ass de Walkampf tëscht den zwee Spëtzekandidaten Trump a Biden voll am gaangen. An enger Mini-Serie presentéiere mir Iech zwee Mol d'Woch ee vun de sougenannte Swing States oder och nach Battle States an de Vereenegte Staaten an deenen de Kampf nawell zimmlech enk kéint ginn. Haut huele mir Iech mat a Pennsylvania, Nicky Soisson.

13102020 miniserie walen usa pennsylvania

Hei am Nordosten, ronderëm Philadelphia als gréisste Stad vu Pennsylvania, herrscht e bëssi méi e raut Klima well Angscht dominéiert definitiv dëse Staat: Angscht virun allem wat anescht ass: eng aner Hautfaarf, en Ausgesi wat anescht ass, eng aner Kultur…Rassismus gehéiert hei zum Alldag.

Et ass genee mat dëser Angscht mat där den Trump a senger Campagne spillt! Hie puscht se reegelrecht op andeems en ervirsträicht, dass d'Kriminalitéit aus de Stied riskéiert op déi bis ewell nach roueg Uertschafte ronderëm iwwerzegräifen. De Biden, als Demokrat, probéiert et hei éischter op eng méi diplomatesch Aart a Weis andeems en d'Ekonomie an de Groussstied stäerke well fir d’Kriminalitéit ze drécken. 

Ma säitdeem zu Pittsburgh de 5. September eng Demo iwwer "Black lives matter" gefilmt an online gesat gouf, hëlt dës Angscht bei de wäisse Bierger nach méi zou: de wäisse Way of life schéngt duerch Schwaarz Demonstranten, déi sech huele wat se wëllen, duerch Gewalt an Abréch menacéiert ze sinn. Gekoppelt mat enger gewësser Veronsécherung duerch d'Corona-Pandemie huet se zu enger typescher Reaktioun an den USA gefouert: de Kaf vu Schosswaffen ass a Pennsylvania déi lescht Méint extrem geklommen.

Eleng am Juli dëst Joer goufen an de vereenegte Staaten 1,2 Millioune Pistoule kaf, eng Hausse vun 152% par Rapport zum Joer virdrun. Pennsylvania war do mat virbäi an zielt zu den Top 5 vun de Staaten an deenen déi meeschte Waffe kaf ginn.

Ma an engem Land wou jidderee sech fräi ka seng Waffe besuergen, brauch een sech natierlech net ze wonneren, dass hei all Hauli beim klengste Problem direkt zur Pistoul gräift. Eleng zu Philadelphia goufen et dëst Joer am August 275 Doudeger oder Blesséierter duerch Schosswaffen, dat sinn 31% méi wéi dat Joer virdrun!

2 Wielergruppe wäerten hei am Nord-Oste wuel entscheedend sinn. Op där enger Säit sinn et d'Uertschafte ronderëm Philadelphia an deenen d'Demokrate bis dato ganz staark waren, op där anerer Säit an dat ass da wuel déi wichtegst Wielergrupp, sinn et déi wäiss Aarbechter aus der fréierer Stolindustrie vu Pittsburgh. Obwuel dës Populatioun eigentlech ëmmer demokratesch orientéiert war, ass se 2016 bei den Trump iwwergewiesselt well deen hinne versprach hat d'Stolindustrie ze stäerken.

Wann et em d’Eegepromotioun vum Bundesstaat geet, da stellt Pennsylvania sech als eng geschichtsträchteg Regioun mat vill Natur a modernen Entreprisen duer. Ekonomesch gesinn steet dëse Staat, deen duerch seng Stol- a Kuelenindustrie bekannt ass, gutt am Mëttelfeld vun den US-Bundeslänner. Eng Destinatioun fir Leit vu guddem Iessen ass Pennsylvania awer definitiv net. Ma eppes kënnen se anscheinend awer richteg gutt: Pizza maachen! Kee Wonner deemno, dass déi 2 Top Kandidaten Trump a Biden dëse Sujet och an hirer Walcampagne opgegraff hunn, dëst mat méi oder manner Succès...

Iwwregens, dem Trump säi Konkurrent, de Biden, ass a Pennsylvania op d'Welt komm. Ob dat him elo zum Virdeel wäert ginn, dat gesi mir dann den 3.November!