Swing States sinn an den USA déi Staaten déi d'Presidentschaftswal entscheeden. Hei hunn d'Leit an de vergaangene Joerzéngte mol fir de republikaneschen, mol fir den demokratesche Kandidat gestëmmt. Hei fält deemno d'Decisioun wien den nächste President wäert ginn. An eiser Miniserie picke mir Iech déi wichtegst vun deene Swing States eraus a stellen Iech se vir. Haut geet et an de Südwesten vun den USA, Nicky Soisson.

16102020 Mini serie Walen an den USA Swing State Arizona

Jo a méi prezis an den Arizona, deen eigentlech kee klassesche Swing State ass, well bis dato gouf do quasi ëmmer republikanesch gewielt. Firwat dat dëst Joer anescht ass, dat gesi mir elo direkt!

Den Arizona ass Synonym vu Westen, Wüüsten a Kaktussen. D'Regioun ass voller natierleche Schätz, Bëscher, National Parks dorënner de Grand Canyon, an natierlech déi historesch Route 66. Direkt un der mexikanescher Grenz treffen hei zanter Joerhonnerte verschidde Kulturen openaner, an esou ass hei am Südwesten eng multikulturell Mëschung aus spueneschen, indeschen, mexikaneschen an natierlech angloamerikaneschen Urspréng entstanen. 

2010 well gouf et Protester an Demonstratioune géint deen deemolege Sheriff sou wéi géint déi republikanesch Awanderungspolitik, déi sech virun allem géint mexikanesch Immigrante riicht. Rassismus an Haass géint Immigrante spillt deemno och am Arizona eng grouss Roll. Dass dat fir schlecht Blutt suergt, ass jo wuel kloer. 2018 bei de "Midtermwale" hu landeswäit 69% vun de Latinoe logescherweis tendenziell demokratesch gewielt, am Arizona souguer 75%!

Dobäi kënnt nach, dass d'Zuel vun de Wieler mat latäinamerikaneschem Hannergrond generell an den USA konstant an d'Luucht geet, am Arizona souguer ëm 24%. Et ass dann och déi 1. Kéier, dass dës Wielergrupp déi gréisst ethnesch Minoritéit bei enger Presidentschaftswal wäert sinn. Ma virun allem jonk Leit mat Latino Hannergrond wäerten dëst Joer eng grouss Roll spillen. Eng ronn 100.000 Jonker kruten an de leschte 4 Joer hir 18 Joer an dierfen esou elo déi 1. Kéier wiele goen.

Theoretesch! Well praktesch gesi gëtt et de Wieler wuel net sou einfach gemaach. Riets geet vun der sougenannter "Voter Suppression", an anere Wieder gëtt déi ganz Prozedure fir sech als Wieler anzeschreiwen a wielen ze goen esou komplizéiert gemaach, dass vill jonk Leit et einfach opginn.

An trotzdeem ginn et vill Leit, déi awer nach ëmmer republikanesch wäerte wielen. Dat läit wuel ënnert anerem och dorunner, dass hei déi ekonomesch Kaart gespillt gouf an duerch d'Dereguléierung vill Aarbechtsplaze entstane sinn.

De Biden huet aktuell mol nach liicht d'Nues vir am Arizona, well den Trump et awer vläicht e bëssi iwwerdreift mat senge Verspriechungen an aneren Iddie fir d'Immigratioun ze reduzéieren oder ze verhënneren. Vun där berüümter Mauer mat Mexiko, déi den Trump deemools direkt ugekënnegt hat, goufe bis dato nëmmen 8 km gebaut a 500 km moderniséiert a Mexiko huet natierlech bis haut nach kee Sou dofir bezuelt. Rezent koum den Trump du mat der Iddi, de Grenzpendler eng Tax bezuelen ze loossen. Domat wäert hie sech mat Sécherheet och nees keng Frënn maachen!

Ma et bleift och weiderhi spannend am Südwesten!

Aktuell si 29,2% vun den Awunner Latäinamerikaner. Ma dëse Prozentsaz kéint bis 2035 nach immens klammen an dës Bevëlkerung kéint esou guer d'Majoritéit ausmaache well zanter 2003 brénge si méi Kanner op d'Welt wéi déi net hispanesch Awunner am Arizona.