Et gëtt se wéi Sand um Mier. Déi sougenannten Hausmëttele wann et engem mol net esou gutt geet. Ganz beléift bei ville Leit ass den Téi oder eng waarm Héngerbritt. Ma wat ass u ville Mëttelen drun?

091020 Hausmettel oder Quatsch

Dacks gëtt gesot dass de Cola géint Péng am Mo hëllefe soll. Anerer gi souguer esou wäit, dass se de Spruddel aus dem Gedrénks réieren. Et wier méi effikass.
Dat stëmmt awer net. Souguer Cola schreift op hirer Homepage, dass hiert Erfrëschungs-Gedrénks net géint Mo-Problemer hëlleft.
Wéi kann et da sinn? Dass et Leit ginn déi sech no engem Glas Cola besser spieren? Dat läit dodrun dass de Kierper bei enger Mogripp vill Waasser verléiert. Do freet all eenzel Zell sech an eisem Kierper wann e Schotz Flëssegkeet kënnt. En anere Faktor ass den Zocker. De Kierper kritt nei Energie.

E weidere Phänomen ass eng kleng Drëppchen nom Iessen. Et wier dach esou fir d'Verdauung. Do gëtt ee leider och enttäuscht. D'Hëtzt am Kierper, no der Drëpp kënnt net wëll den Alkohol d'Verdauung a Schwong bréngt. Et läit éischter dorun, dass eist Verdauungsorgan sech fir d'éischt mam Alkohol ausernee setzt ier et nees mam verschaffe vum Iesse weider goe kann. Et dauert no enger Drëpp also méi laang bis ee säin Iesse verdaut huet.

Wat awer stëmmt ass, dass ee beim spadséiere goe besser verdaut. Et geet méi séier. Ma d'Gefill ze vill giess ze hunn oder Gasen déi een am Kierper hu ginn awer och doduerch net manner. Den Espresso huet dann erëm kee positiven Afloss op eise Mo.

Bei Duerchfall soll ee vill Banannen iessen. Och dat stëmmt erëm. Et si souguer Dokteren déi engem dat recommandéieren. An der Banann si vill Stoffer dran, wéi zum Beispill Pektin e Ballaststoff wat dem Duerchfall entgéint wierkt.

Un Enn dann awer nach eppes Guddes fir de Kaffi. Dëse kann, wann ee verstoppt ass, wonner wierken. Et ass awer falsch ze mengen dass eng Verstoppung ëmmer duerch Flëssegkeetsmangel kënnt. Dat ganzt huet verschidde Grënn. Vu Stress bis falsch Ernierung ass bal alles dobäi.