Et war op engem 9. Oktober wou déi éischt Lotto-Zuelen an Däitschland ëffentlech gezu goufen. E Millioune-Gewënn gouf et awer eréischt e puer Méint méi spéit.

09/10/2020 Op den Dag

Lotto gouf et schonn am däitsche Keeser-Räich. Et goufen e ganze Koup u klenge Lotterien, déi awer no a no zesummegeluecht goufen.
An der Nazi-Zäit gouf et eng sougenannten "Lotterieverordnung", si ënnerstoung dem Inneminister. Wien eng Lotterie wollt organiséieren, deen huet dës als éischt missen ufroen.
Nom 2. Weltkrich gouf et dunn eng éischten "Stadlotterie". Dës huet den Nees-Opbau ënnerstëtzt. Ganzer 350.000 "Reichsmark" koumen hei eran. De Lotto huet sech séier verbreet. A ville Besatzungszoone goufen et Lotterien. Och bei de Sowjets.
Den 11. Januar vum Joer 1953 gouf déi Däitsch "Klasselotterie Berlin" agefouert. Et gouf eng éischten Zéiung: 5 aus 90. Ee Joer méi spéit gouf an der ganzer DDR Lotto gespillt. 60% vun de Recettë goufen erëm als Gewënn ausgeschott, 10% ware Steieren.
A well dat esou en enorme Succès hat, huet sech an der BRD zimmlech séier eng nei Lottogesellschaft etabléiert. "Deutscher Lottoblock". Eng éischte Kéier goufen d'Zuelen an der Bundesrepublik Däitschland op engem 09. Oktober vum Joer 1955 gezunn. 6 aus 49. Déi éischt Zuele waren 13-41-3-23-12-16.
Deen éischte Gewënn vun 1 Millioun gouf et dann och schonn e puer Méint méi spéit. Den 2. September 1956. E Bauaarbechter aus Aachen konnt sech freeën. Iwwer Nuecht ass de Willi Strauch berüümt ginn.

Iwwregens, déi éischten Zuel déi gefall ass war d'13. Se gëtt nach haut am meeschte getippt. Beim Spill "6 aus 49" gëtt et 13.983.816 Méiglechkeeten, beim Spill mat der Super Sechs sinn et der 139.838.160.
Déi Zuelen déi am meeschte fale sinn: 6-32-49-38-26-31.

Am Internet ginn et dann och sougenannte Lottoviraussoen. Duerch d'Kräizgesetz, engem spezielle System fir zukünfteg Nummere beim Lotto mat Sécherheet tippen ze kënnen, soll ee seng Chance op e Gewënn erhéije kënnen. Fir dat z'applizéiere baséiert ee sech all Kéier op den Zuele vum leschten Tirage. Zuele vun 1 - 49 ginn niefteneen an eng Rei geschriwwen. E puer Zeilen drënner gëtt dat da widderholl. An all Zeil ginn d'Zuelen déi gefall si markéiert. Doduerch entsteet e Muster wat den nächsten Tirage viraussoe soll.

Um Enn deelt een sech, sollt déi Method richteg sinn, 44 Mio Euro ënnert 44 Mio Gewënner op.