Den 20. Januar 2017 gouf den Donald Trump als 45. President vun de Vereenegte Staate vereedegt. Den exzentresche Milliardär huet an deene leschte puer Joere well fir vill Schlagzeile gesuergt. Ma och ënnert senge Virgänger waren der vill fir hiert onorthodoxt Verhale bekannt. D'Nicky Soisson huet e puer vun US-Presidenten ënnert d'Lupp geholl.

29102020 Skurill Geschichte ronderem US Presidenten

Den 1. President vun de Vereenegte Staaten, den George Washington huet bis zu sengem Doud eng vun deene gréissten Distillerien an den USA bedriwwen. Ursprénglech war de Washington Bauer a Besëtzer vun enger Mielmillen am Bundesstaat Virginia. Vu 1797 bis 1798 huet hien eng vun deene gréisste Whiskybrennerei vun deemools opgeriicht, déi zu hirer beschter Zäit ronn 40 000 Liter Whisky pro Joer produzéiert huet.  

De Papagei vum 7. US-President, dem Andrew Jackson, soll beim Begriefnes vu sengem Besëtzer am Joer 1845 duerch iwwerdriwwent Fluchen a Beleidegungen negativ opgefall sinn. Souguer de Paschtouer huet nach dono vun dësem Virfall geschwat. 
Déi rau Ausdrocksweis hat de Papagei warscheinlech vum Jackson selwer iwwerholl. Dëse war nämlech fir seng Virléift fir Dueller bekannt a soll besonnesch am privaten Ëmgang net onbedéngt dat feinstent Englesch gebraucht hunn. 

Den James Earl "Jimmy" Carter war viru senger Presidence Gouverneur vun Georgia an do nawell zimmlech ëmstridden. Bis haut behaapt hien, 1969 wärend senger Zäit als Gouverneur en UFO gesinn ze hunn. Hien huet souguer en offizielle Rapport un den International UFO Büro zu Oklahoma City geschéckt. De Carter hat dëse supposéieren UFO als en hellt Liicht beschriwwen, wat net ze identifizéiere war an den Aussoe widdersprach, dass et sech eigentlech just ëm de Planéit Venus géing handelen, deen deen Owend besonnesch gutt ze gesi war. Am Walkampf fir d'Presidentewal huet hie versprach, all d'Informatiounen, déi déi amerikanesch Administratiounen iwwer onbekannten Objeten aus dem Weltall hätten, public ze maachen - wat hien allerdéngs ni ganz gemaach huet.

Den George W. Bush, 43. US-Präsident, war wärend senger Uniszäit Cheerleader a senger Highschool. Eigentlech wollt de Bush wuel ëmmer Baseball spillen, ma säin Talent dofir war leider net grouss genuch. Fir dem Baseballsterrain trotzdeem no ze sinn a seng Studiekolleegen eben net um mee beim Terrain ze ënnerstëtzen, gouf hien du männlechen Cheerleader! Et kéint ee vläicht mengen, dass dem Bush seng Aktivitéite bei senger Famill net onbedéngt groussen Uklang fonnt hunn, well Cheerleading dach virun allem als Meedercherssaach gëlt. Ma nee, well schonn dem Bush säi Papp a säi Bopa waren zu hirer Zäit well Cheerleader. Baseball schéngt deemno definitiv net zu deene groussen Talenter an dëser Famill gezielt ze hunn.