De Gimmick war d'Haaptattraktioun an all Yps Zeitung a mat engem nostalgesche Bléck erënneren sech d'Fans nawell gären un déi flott Bäilagen. Haut viru 45 Joer koum d'Zeitung eng éischte Kéier eraus. Nieft Scherzartikel, Agente-Spillsaachen an Zaubertricken, gouf et hei zum Beispill och naturwëssenschaftlech Elementer, wéi d'Urzäitkriibsen, e richtege Fotoapparat oder d'Gasdrockrakéit... Michèle Schons, du waars och e grousse Fan vum Yps?

13/10/2020 YPS Gimmick - Wie ka sech errenneren?

Dat war ëmmer e ganz spannende Moment, drop ze waarden, dass nees eng nei erauskënnt, an effektiv, verschidde Gimmicks waren esou beléift, dass se bal all Joer widderholl hu misste ginn. Anerer dogéint gouf et nëmmen eemol an déi hunn sech da reegelrecht zu Kultobjeten entwéckelt. Onëmstridde sinn awer d'Kriibsen, deen eelsten a resistentste Gimmick iwwerhaapt, déi jo schon d'Giganten vun der Urzäit iwwerlieft hunn, an de Salzséien an Nordamerika, an si hunn et 22 mol an den Yps gepackt. A wien erënnert sech dann nach un 1982? Du koum e Gimmick eraus, dee fir déi eng just eng 3 Meter laang Dreckstut war, deen ee mat Loft huet musse fëllen an hannen a vir zou knueden, ma fir déi aner war et en Ufo. Riets geet vum Solar Zeppelin, deen den Himmel carrement verdäischtert huet, wou en erauskoum. D'Hamburger Luftaufsicht hat deemools e Verbuet fir Yps Hefter um Fluchhafekiosk ausgehaangen, well sech de Start vun enger Boeing wéist engem Zeppelin deen dorëmmer geflunn ass verspéit hat. Den Dag drop hunn d'Zeitungen Ufoe gemellt. Vill Loft ronderëm eng Dreckstut also.
Déi Gimmicks hu quasi de Spillplang vun der Woch bestëmmt, entweder huet een sech mat der Spektiv an der Miniaangel als Aventurier op d'Lauer geluecht, oder ass mam Blosrouer, dat ëm den Eck geschoss huet, op Agente-Missioun gaangen, oder et huet een d'Famill mam Fuerzkëssen zum Laache bruecht a mat Zaubertricker wéi der Geldpresse oder de véiereckegen Eeër Sonndes Moies um Kaffisdësch iwwerrascht. No 25 Joer war awer Schluss.
Et ass esou dass ëmmer méi där Zeitungen a Comicken erauskoume mat klenge Bonbonen an Iwwerraschungen dran esou dass d'Demande einfach net méi duergaangen ass fir nach virunzefueren. De Message huet awer d'Fans schwéier getraff, esou dass eng Partie Fansäiten an d'Liewe geruff goufen an RTL Nitro hat 2013 dunn eng Serie "Yps - Die Sendung" gestart, mat zwou Staffelen, déi vum Jan Köppen moderéiert gouf.

2012 huet dunn den Ehapa Verlag ugekënnegt Yps nei erauszebréngen an d'Zeitung sollt sech mat Saache wéi Moud, Automobil, an Technik befaassen, Themen déi sech un Erwuesse Leit riicht déi mam alen Yps grouss gi sinn, an déi Kandheetserënnerungen erwäche wëlle, an deem se Theme vun deemools inhaltlech an optesch an déi haiteg Lieserwelt iwwersetzt. Fir déi nei Oploen goufen och nei Comics gezeechent, an och Gimmicks wéi d'Kriibsen oder de Solarzeppelin waren nach emol dran, allerdéngs war et virun 2 Joer och domat eriwwer.

45 Joer géing Yps haut feieren, och wann et se laang net méi an där Form gëtt wéi mir se nach kannt hunn, et ginn e puer flott Fansäiten, wou een sech an déi al Zäiten zeréckversetze kann, an sech eventuel och nach mat anere Fans austausche kann, respektiv Sammelstécker oder Raritéite vun Yps fënnt.