Elo an den Hierscht- a Wanterméint, geet et ville Leit d'selwecht. Iergendwéi fille mir eis dacks manner wuel a méi bedréckt. Schold dorunner kann een ze niddrege Serotoninspigel sinn well genee deen huet am Kierper an am Gehier Afloss op eis Stëmmung. Dem Serotonin gëtt effektiv eng wichteg Roll a Relatioun mam Wuelbefanne nogesot. E Gefill dat sech iwwregens och bemierkbar maache ka wann een uerdentlech vill Sonn tankt. Dass dëst an de Wanterméint hei bei eis awer elo net méi onbedéngt méiglech ass, ass kloer. An awer ginn et Méiglechkeeten, d'Produktioun vun dësem dach fir eis ganz wichtegen Hormon unzekuerbelen. D'Nicky Soisson huet sech informéiert.

15102020 Sai Serotoninspigel boosten

Serotonin ass souwuel en Hormon wéi och en Neurotransmitter deen eng helle Wull u Virgäng am Kierper reguléiert. Wuel am bekanntsten ass seng Wierkung am Gehier. Ass ze wéineg Serotonin do, da ka sech dat potentiell op eise Kierper an eis Stëmmung auswierken.

Ma net nëmme fir eist Gehier an eis Stëmmung spillt e gutt reguléierte Serotoninspigel eng grouss Roll! Dëst Déngens ass prinzipiell och an der Lag, Afloss op aner Beräicher vun eisem kierperleche Wuelbefannen ze huelen. Sou hëlt dat sougenannte Gléckshormon och Afloss op eisen Daarm an eisen Häerzkreeslaf.

Well ongeféier 95 % vum Serotonin am Daarm produzéiert gëtt, ass et immens wichteg, dass dëse gesond ass fir eben dës Funktioun kënnen ze erfëllen. Vill Leit setzen dowéinst op Probiotiquen, fir hire Verdauungsapparat bei Laun ze halen. Ma och fermentéiert Iesswuere wéi Kimchi oder Sauerkraut kënnen hei hëllefen!

Well Serotonin och aus bestëmmten Aminosaieren hiergestallt gëtt, sollt een drop oppassen  där genuch zou sech ze huelen. Heizou zielt virun allem Tryptophan, dee besonnesch a Liewensmëttel wéi Nëss oder Fësch ze fannen ass.  

Wann Dir Äert Wuelbefannen natierlech ënnerstëtzen a fir e normale Serotoninspigel suerge wëllt, kënnen d'Vitaminne B6 an D och well e groussen Déngscht leeschten.  

Vitaminn B6 dréit effektiv zu enger normaler psychescher Funktioun bäi. Blöd ass just, dass dës Vitaminn net komplett vum Kierper ka produzéiert ginn, dat heescht et muss ee kucken däers genuch iwwert d'Iessen eran ze kréien. Interessant Quelle sinn hei Avocadoen, gréng Bounen a Lënsen awer och Liewer, Fësch a Gefligel.

Vitaminn D, dee souwuel duerch eng equilibréiert Ernierung wéi duerch Sonnestrale produzéiert gëtt, ass immens wichteg fir eisen Immunsystem a gëtt aus wëssenschaftlecher Siicht a priori och a Relatioun mat der Stëmmung gesat. Et ass nu mol awer kee Geheimnis, dass e Vitaminn D Manktem an eise Géigende grad am Wanter wäit verbreet ass. Duerch eng ze niddreg Konzentratioun kann et zu engem sougenannte Wanterblues kommen. Dofir ass et wichteg, grad iwwer déi däischter Méint, dofir ze suergen, dass mir däers genuch kréien. Ma och heivir gëtt et dat richtegt an der Apdikt, am beschten froot mol einfach nächste Kéier no!

A wann dat dann alles näischt méi hëlleft an dir Iech iwwer Wochen a vläicht Méint depressiv spiert, dann hëlleft just nach eng Visitt beim Dokter fir mat him zesummen ze kucke wat am beschten ze maache wier.