Eng kleng Schrauw am Weltall kann d'Explosiounskraaft vun enger Handgranat hunn. Et kann ee sech virstellen dass dat fir Satellitten alles anescht wéi gutt ass. An Däitschland steet elo den éischten Radar, deen an den Himmel kuckt a Satellite-Bedreiwer virum Schrott am Weltall warnt.

16102020 Gestra

Wann ee sech virstellt dass bis zu 900.000, mol méi mol manner grouss, Stécker Schrott ronderëm eise Planéit fléien kënnen engem Dronkenellen ausgoen.
Schloen dës Stécker an ee vun de sëllege Satellitten an, da kann et mol sinn, dass d'Kommunikatioun op der Äerd net méi fonctionéiert. Vum Schued net ze schwätzen.
An Däitschland, fir genee ze sinn zu Koblenz steet elo de GESTRA. GESTRA heescht "German Experimental Space Surveillance and Tracking Radar". Bis zu 2000 Kilometer déif kann en an den Himmel kucken. Dat sinn d'Héichten wou den Hightech Schrott nämlech ënnerwee ass.
Sënn an Zweck ass et, fréi genuch ze erkennen wat engem Satellitt ze no komme kéint, fir esou Bedreiwer vun dësen mat Zäite warnen ze kënnen. Duerch dëse Warnsystem kënne Korrekturen un der Trajectoire gemaach ginn. Eppes wat och der ISS zegutt kënnt.
De Radar, dee vum Fraunhofer Institut entwéckelt gouf besteet aus 256 eenzelen Antennen. Am Fréijoer vum nächste Joer soll en, no der Testphas, déi de Moment leeft, ganz a Betrib geholl ginn.
44,5 Mio Euro huet d'Maschinn kascht. Gesteiert gëtt se vun der Bundeswehr an dem DLR, dem däitschem Zentrum fir Loft- a Raumfaart.
Esou e System ass dem DLR no Noutwänneg fir weiderhinn e gudde Kommunikatiounsoflaf op de Ärd kënnen ze garantéieren. Ëmmerhi sinn Internet, Navigatioun an och souguer den Handy vun de Satellitten ofhängeg. Eng Schrauw ass am Weltall mat bis zu 25.000 Kilometer an Stonn ënnerwee .
Geréit esou eng e Satellit, entstinn nei Projektiller déi nach méi futti maachen. Et ass de Schnéiballeffekt dee GESTRA soll verhënneren.