1, 2 oder 3, letzte Chance vorbei! Bei der däitsch Tëleesemissioun déi zanter 1977 leeft a bei där Schoulklassen géinteneen untrieden, war leschte Samschdeg och eng Lëtzebuerger Schoulklass derbäi. Mir waren op Diddeleng nofroen wéi déi 3 Kanner ofgeschnidden hunn.

15/10/2020 1,2 oder 3 17h10

D'Elisa, d'Kara an de Pierre hu Lëtzebuerg an der däitscher Emissioun vertrueden. Ugemellt goufe si vun hirer Joffer Francoise Back.

"Meng Kanner hu wéi si kleng waren dat ëmmer gekuckt an et ware scho Schoule vu Lëtzebuerg dohinner an dunn hunn ech e Mail gemat an déi soten dann: wonnerbar, Lëtzebuerger huele mer, déi sinn net oft hei an duerfir wiere mer frou wann der géift kommen an du hunn ech just op en Termin gewaart."

Dass et grad dës Kanner waren déi matgemaach hunn, dat gouf virdun an der Schoul zu Diddeleng duerch en Test decidéiert.

"Do ware 40 Froen an deen am beschten geäntwert huet, dat waren dann déi schlaust an déi sinn da geholl ginn."

"Dat schlëmmst war: ech war dat alleréischt dat eragelaf ass an de Studio. Ech wosst dass ech den Elton verstoe misst, well wann deen elo seet: d'Equipe aus Lëtzebuerg muss eralafen, da kann ech net 3 Minutten duerno goen, well dat wier peinlech gewiescht wann dat geschitt wier."

D'Kara muss dann och zouginn, dass am Studio selwer eng gewëssen Opreegung derbäi war.

"Opreegung war schonn do a soubal et ugefaang huet, ass d'Opreegung méi ginn. An et war waarm dobannen!"

D'Froen an der Sendung hu ronderëm d'Thema "Platt" gedréit, also vu Schuhplattler, iwwer Schallplatte an dee platte Schwanz vum Bieber. Et gouf sech och ëmmer genee ofgeschwat ob wéi ee Feld ee géif sprangen: 1, 2 oder 3.

"Mir hunn zesumme geschwat, et war awer schwéier well d' Dëscher ausernee waren. Et war Berodung"

Begeeschtert waren d'Elisa, d'Kara an de Pierre dann och vum Moderator Elton.

"Den Elton war mega léif, en huet eis souguer Autogrammer ginn, mer kruten eng Posch mat enger Schachtel an USB-Stick. Mir kruten och en Autogramm op eise Kuerf"

Um Enn waren et zwou Equippen déi gewonn hunn: Éisterräich a Lëtzebuerg mat 14 Punkten. Gewonn gouf e Pokal mam Maskottchen Piet Flosse an 280 Euro. Do gëtt et och schonn eng konkret Idee wat mat deene gemaach gëtt.

"D'Joffer sot dass mer mat där Klass Pizza iessen ginn"

Eng gutt Investitioun. D'Sendung leeft de Samschdeg de Moien um 7.55 Auer an der Widderhuelung um ZDF mat Lëtzebuerger Participatioun.