Wann et em Elektroautoen an hier Nodeeler geet, da gëtt séier op déi geréng Autonomie an déi laang Zäit fir d'Batterien ze luede verwisen. Eng Ekipp vu Fuerscher vun der University of Science and Technology of China well elo eng Léisung fir dës Problemer fonnt hunn, Nicky Soisson.

20102020 Super akku fir E Autoen deen an e puer Minutte luede kann

Riets geet vun enger Batterie déi aus schwaarzem Phosphor a Graphit besteet. Domat kéinten déi elektresch Autoen, de Wëssenschaftler no, no just 10 Minutte Luetzäit bis zu 500 Kilometer wäit fueren.

D'Proprietéite vum schwaarze Phosphor si well méi laang bekannt. Dëse forméiert eng Atom déck Couche mat Lithium-ione grousse Kanäl, genee sou wéi Graphit dee bis ewell an den Elektrode bei de geleefege Lithium-Ionen Batterie an E-Autoe benotzt gëtt. 

Ma am schwaarze Phosphor ginn et méi Elektronen, déi och mat méi Lithium-Ione reagéiere kënnen an domat  d'Effizienz erhéijen. Bis ewell konnt dëse Stoff allerdéngs wéinst chemesche Reaktioune op senger Uewerfläch net agesat ginn. 

D'Wëssenschaftler hunn awer elo eng Mëschung hikritt mat där dëse Problem aus der Welt geraumt kéint ginn. Dëse Mix besteet zu 15% aus Graphit an eben, an dat ass nei, aus schwaarzem Phosphor deen de Gros vum Stockage vum Lithium iwwerhëlt. No 10 Minutte Lueden géing dat Material 80% vu senger Capacitéit erëm hierstellen. E flotten Nieweneffekt vun dëser besonnescher Mëschung ass, dass se d'Liewensdauer vun der Batterie däitlech verlängere kéint, esou d'Fuerscher.

Dës nei Technologie steet awer nach virun Erausfuerderungen. E kommerziellen Asaz ass wéinst där komplizéierter an deierer Produktioun bis ewell nach net warscheinlech. D'Fortschrëtter weisen allerdéngs, dass de Wee a Richtung Super-Akku fräi ass.

Ma net nëmmen a China gëtt dichteg ëm déi sougenannte Super-Akkue gefuerscht, och an Australien hate well am Januar dëst Joer eng nei Batterie mat engem Schwiefel-Lithium Mix presentéiert déi Elektroautoen bis zu 1000 km fuere solle loossen. Mee och hei si mir nach wäit vun der Kommerzialisatioun ewech...ma Haptsaach et deet sech eppes an déi richteg Richtung....