Och a Covid-Zäiten sinn d'Fligere vun der Air Rescue am Asaz an hate rezent esouguer ee prominenten Transport. Gouf et do e Star-Bonus a wéi gëtt sech soss an dësen Zäiten organiséiert?

16/10/2020 Air Rescue och a Covid-Zäiten am Asaz 14h45

De President vun der Air Rescue René Closter betount, dass ee gutt op d'Pandemie virbereed war. An dat aus Erfahrung, aus den Zäite vum Ebola. Esou goufen et dann och vill international Covid-Asätz.

D'Zuel vun den Asätz allgemeng ass erofgaang. An dat huet e logesche Grond, well manner Leit am Ausland waren an doduerch hu missen rapatriéiert ginn.

Rezent gouf et ee prominente Patient, an zwar de Cristinao Ronaldo dee vu Lissabon op Turin geflu gouf. Vun engem Star-Bonus kéint een hei awer net schwätzen, soudass dem Ronaldo seng Versécherung dann an dësem Fall bezillt.