Moies nom Opstoen eng gutt Taass Kaffi oder Téi - domat fänke vill Leit hiren Dag un. Als éischt mol waarmt Waasser ze drénke wier awer eigentlech déi méi gesond Alternative. Firwat dat sou ass, erkläert Iech D'Nicky Soisson.

21102020 Moies waarmt Waasser drenken

E méi en agreabele Start an den Dag, wann och haaptsächlech nëmme fir de Mo, kann et kaum ginn: waarmt Waasser muss net als éischt mol op Kierpertemperatur bruecht ginn a versuergt een direkt mat Flëssegkeet, wat moies besonnesch wichteg ass.  Dono waart een dann am beschte nach e puer Minutten oder idealerweis souguer bis zu enger hallwer Stonn, éier ee Kaffi drénkt. Esou huet eise Verdauungssystem Zäit ze erwächen a lues eropzefueren. 

Duerch dat gewiermte Waasser gëtt de Stoffwiessel ugekuerbelt an dat verbrennt zousätzlech Kalorien. Deemno ass dat ideal wann een op säi Gewiicht oppasse wëll oder muss.  Dobäi kënnt nach, dass dat wat een dono ësst duerch d'Hëtzt besser ka verwäert ginn.

Och als Detox-Drink kéint ee waarmt Waasser bezeechnen, well et ee, wann et da waarm genuch ass, un d'Schweesse bréngt. A mam Schweess gëtt iwwert d'Haut Gëft eliminéiert.

Wann een moies mat Bauchwéi erwächt, da wierkt waarmt Waasser iwwregens och nawell gutt, well et d'Krämp ewechhëlt. Och wa bei de Fraen déi berümte 4 Deeg am Mount do si kann dëst hëllefen déi ganz Géigend ëm de Bauch ze entspanen.

Dass waarmen Téi oder Héngerbritt gesond sinn a bei Erkältungen dofir suergen erëm méi séier fit ze ginn, ass deene meeschte bekannt. D'Hëtzt soll et de Keime méi schwéier maache sech ze multiplizéieren an duerch d'Flëssegkeet déi een zou sech hëlt kann de Kierper effikass schaffen.  Ma och Waasser wat ee wiermt, huet eng positiv Wierkung op Houscht a Schnapp a suergt och dofir dass sech de Schläim an den Otemweeër méi séier léise kann. Méi einfach geet et net!

Mat der Zäit gewinnt ee sech anscheinend dru waarmt Waasser ouni richtege Goût ze drénken. Wiem dat awer net gefält, dee kann och eng Scheif Zitroun dramaachen. Da schmaacht et éischtens no eppes, zweetens huet een dann och nach e bëssi Vitaminn C intus an drëttens soll d'Zitroun och nach entzündungshemmend wierken.

Alternativ kann een och e Blat frësch Menthe oder Téibléien an d'Waasser maachen, dat allerdéngs réischt wann d'Waasser net méi gliddeg waarm ass.