Champignone gi jo well eng Zäit nawell gär als Alternativ zu Fleesch benotzt. Ma elo solle se an Zukunft och an eise Kleeder an Accessoiren eng Roll spillen! Effektiv, Nicky Soisson, dat wourunner d'Fuerschung grad schafft, dierft dem Begrëff Fousspilz eng ganz nei Bedeitung ginn...

22102020 Lieder aus Pilzen

Virun all Rënds- oder Schwéngsliederschong steet eng enorm Produktiounsketten: ugefaange beim Ofholze vun de Bëscher fir dem Véi Plaz ze maachen, bis hin zu de Produktiounsbedéngungen do wou d'Lieder weider verschafft gëtt bis dass dorausser Schong entstinn. A wie well op Material vun Déieren a senger Garderobe verzicht an op Konschtlieder zréckgräift: och déi synthetesch Polymerstoffer hunn hire Präis - fir si gi Chemikalien aus fossille Brennstoffer benotzt, wat ökologesch gesinn och net der Däiwel ass.

An dobäi kéint et och anescht goen! 2 Fuerscher vun der Uni vu Wien, den Dr. Alexander Bismarck an de Mitchell Jones, hu sech elo mat Pilzen als Liederersatz befaasst. Dofir hu si selwer Champignone geziicht a gefuerscht wéi dee Stoff sech par Rapport zum Rëndslieder verhält. Dat Ersatzmaterial kéint souwuel beim Bauen, zum Beispill als Isolatiounsmaterial awer och fir d'Fabrikatioun vu Schong, Rimmer a Posche gebraucht ginn. Deenen 2 Fuerscher no hätt dat Lieder, wann een dat dann esou nenne kann, aus Pilzen vill Potential a géing an Zukunft eng grouss Roll bei der Produktioun vun etheschen an ökologesch-responsabele Materialer spillen. 

Konkret wuessen dës Pilzen op Bëschoffäll wéi Seemiel.  D'Pilzmyzel wat dobäi entsteet gläicht dem Rëndslieder effektiv a sengen Eegenschaften, verbraucht awer manner Ressourcen an der Produktioun an ass ökologesch ofbaubar.

Schong, Rimmer a Poschen aus Champignonslieder misste sech theoretesch sou gutt hale wéi déi aus klasseschem Lieder, mee do feelt et aktuell awer nach u gréisseren Erfarungswäerter. Fakt ass awer, dass éischt Biotechentreprisen déi nei Materialer well vermaarten, sou d'Fuerscher. 

Och wa sech dat Pilzlieder ufillt wéi konventionellt Rëndslieder an och änlech Eegenschaften huet, een Hoken huet deen Ersatzstoff aktuell awer nach: Et ass nach onkloer, wéi een dofir suergt, dass déi Champignone permanent gläichméisseg wuessen, d'selwecht déck sinn a faarflech och an hire mechanesche Eegenschafte genee sou gutt bleiwen.  An dann ass och nach déi Saach mam Geroch, well Pilzen hu jo deen typesche Geroch no Bësch a Fiichtegkeet un deen ee sech dann och mol gewinne muss.

Awer net nëmmen a Punkto Nohaltegkeet an Ofbau ass dat neit Lieder dem Rëndslieder e Schratt viraus. Och beim Wuesstem: dee grousse Virdeel vun de Pilzen ass nämlech deen, dass si well no e puer Woche gepléckt a verschafft kënne ginn. Fir de Bismarck a seng Kolleege sinn déi Liederimitatiounen aus Pilz dofir d'Stoffer vun der Zukunft.