De Beidel-Däiwel oder den Tasmaneschen Däiwel, gouf et bis viru kuerzem just nach op der Australescher Insel Tasmanien. Do ass de Bestand awer wéinst enger Kriibsaart staark zeréckgaangen, ma elo gëtt et Hoffnung fir den "Taz", Michèle Schons?

23102020 Den Tasmaneschen Daiwel ass nees zereck um Australesche Festland

Ech hunn e, wéi vill aner Leit och bis dato just aus dem Comic an de Looney Tunes kannt, wou e wéi en Tornado optrëtt, alles ëm méit an dobäi komesch Geräischer vun sech gëtt.

3000 Joer sinn et anscheinend awer elo hier, dass en um australesche Festland vum roude Kontinent ausgestuerwen ass, ma elo ass en nees do. An de leschte Méint huet d'Déiereschutzorganisatioun Aussie Ark zesumme mat nach aneren Naturschutzgruppen 26 där Beidel-Déieren an engem Reservat nërdlech vu Sydney fräigelooss. An den nächsten zwee Joer sollen der nach 40 derbäi kommen. 

Bis elo geet et den Däiwele gutt, si entwéckelen sech wonnerbar. Den Tasmaneschen Däiwel huet en extrem staarke Bëss a charakteristesch sinn och seng rout Oueren, en eeklege Geroch an e wëlle Kreesch, deen d'Déier vun sech gëtt.

Virun der Auswëlderung hunn se just nach op der australescher Insel Tasmanie gelieft, vun där se och hiren Numm hunn. Facteuren déi dozou bäigedroen hunn dass se vum Festland verschwonne ware sinn d'Juegd duerch de Mënsch, an och d'Konkurrenz duerch d'Dingoen, d'wëll Hënn. 

Si stinn zanter bal 80 Joer elo op der rouder Lëscht an ënner Aarteschutz, well se an der Natur d'Kontroll vun de Wëllkazen a Fiiss ënnerstëtzen, déi erëm fir aner Bestänn geféierlech sinn. Als Aasfrësser hëllefen se och hiren Entourage fräi vu Krankheeten ze halen. D'Renaturatioun vun den Déieren um Festland wär dowéinst och e Grondsteen fir den Naturschutz.

 
Bedréit ass den Däiwel och zanter den 90er duerch eng Infektiéis Kriibskrankheet am Gesiicht déi de Bestand staark deziméiert huet. Fir d'Renaturéierung goufe kriibsfräi Populatioune geziicht esou dass d'Krankheet net mat iwwer geet.

But ass et fir eng eegestänneg Populatioun z'erschafen, net nëmme mat Tasmaneschen Däiwelen, ma och mat aneren Australeschen Aarten, esou dass de Kontinent nees nei mat wëllen Déiere belieft gëtt.