Vill Leit drénken e bal all Moien oder Nomëttes nom Iesse wann eng liicht Middegkeet ze spieren ass: de gudde Kaffi. Elo sollen déi Bounen anscheinend och beim Ofhuelen hëllefen! Oho, hört hört... just dass déi Variant déi eis hëllefe soll d'Gewiicht ze reduzéieren, net brong mä gréng ass, Nicky Soisson.

26102020 Grenge Kaffi

Dës Bounen ënnerscheede sech nëmmen an engem eenzege Punkt vun deenen déi mir Moies fir eist waarmt Gedrénks gebrauchen. Si goufe genee sou ugebaut a recoltéiert, just dono net gereechert! A genee dee klengen Ënnerscheed soll d'Geheimnis vun der Wierkung vum grénge Kaffi sinn.

Dësen ass u sech manner e Genoss- mee éischter en Heelmëttel a soll och nëmmen a Moosse gedronk ginn. Besonnesch ervirzehiewen ass d'Chlorogensaier déi een heiranner fënnt. Déi soll den Appetit an d'Verlaangen op Séisses stoppen.

Wéinst genee dëse Proprietéiten fënnt een dës Saier, déi aus deene grénge Kaffisbounen extradéiert gouf, dacks a Form vu Pëllen oder Pudder déi als Wonnermëttel verkaf gi fir ofzehuelen. Ma och als Bounen kritt een de grénge Kaffi ze kafen. Allerdéngs sollen d'Pëllen oder de Pudder méi effikass sinn.

Amerikaner wéi den Tëleesdokter Oz schwiere well op déi grouss Wierkung déi grénge Kaffi bei Leit mat Iwwergewiicht soll hunn. Mee leider ka bis ewell nach keng Etüd eendeiteg bestätegen, dass dës Pëllen déi Eegenschaften, déi hinne zougeschriwwe ginn, och erfëllen. Vun dohier gi se bis dato vun den Experten nach zimmlech kritesch gesinn.

Ma nieft dem Verspriechen, dass een domat méi séier Gewiicht verléiert, huet grénge Kaffi och nach 18 verschidden Aminosaieren, déi wichteg metabolesch Prozesser am Kierper steieren. Dobäi kënnt dann nach en zimmlech groussen Undeel u Fetter déi dofir suergen dass de Cholesterolspigel erofgeet. Gläichzäiteg fënnt een an deene grénge Bounen och eng Jett Antioxidanten déi dofir suergen, dass eise Kierper manner séier al gëtt.

Wann Dir de grénge Kaffi selwer ausprobéiere wëllt, da sollt dir dorobber oppassen, dass d'Konzentratioun u Chlorogensaier héich genuch ass well soss heescht et nawell gären: "ein Satz mit x, das war wohl nix"...