Mir Mënsche siche jo gären eis Inspiratiounen an der Natur. E klassescht Beispill ass do de Ritsch-Ratsch, dee vun de Kletten ofgekuckt ass oder Flosse fir d'Daucher, déi vun de Waasservillercher inspiréiert sinn. Datt ee vun der Natur also vill léiere kann, huet sech an der Vergaangenheet dacks bewisen. Ma amerikanesch Fuerscher hunn elo e spezielle Kiewerlek ënnersicht, deen sou robust ass, dass en net ze knacken ass. Dat kéint an Zukunft déi Aart wéi Materialer fir d'Fluch- a Raumfaart gebaut ginn, beaflossen. D'Lea Schwartz huet de Chuck Norris ënnert de Kiewerleken analyséiert.

29102020 E Kiewerlek, deen net ze knacken ass

Wann en Auto iwwert e fiert, soll en duerno einfach monter viru krabbelen, en hält dat 39.000-facht vu sengem eegene Gewiicht aus a kee vu senge Friessfeinde kann de Panzer opbriechen. Den Nosoderma Diabolicum lieft am Südweste vun den USA a gëtt den Ament vun enger Ekipp Fuerscher vun der University of California ënnersicht. Grad wëll en esou stabil ass.

Dat muss en och sinn, de Kiewerlek kann nämlech net fléien. Säi Panzer ass seng Liewensversécherung. Wann en ugegraff gëtt, stellt en sech dout a waart bis de Friessfeind zum Beispill d'Villercher oder kleng Mamendéieren et opginn.

Säi Geheimnis dat en sou onzerstéierbar mécht, dréit hien um Réck. An zwar huet hien do zwee Deckflilleken, och nach Elytre genannt. Dat ass dacks bei Insekten oder Kiewerleken de Fall, déi schützen normalerweis déi sensibel Flilleken. Där huet eise spezielle Kiewerlek zwar elo keng, mee d'Material aus deem seng Elytre sinn, solle besonnesch vill Proteinnen enthalen. Dat eleng mécht en awer nach net onzerstéierbar. Déi Deckflilleke bestinn aus lauter ganz dënne Schichten. Wann de Kierper elo enger Belaaschtung ausgesat ass, da gräifen déi Schichte vun den zwee Deckflilleken aneneen, bësse wéi Puzzelstécker. A verdeelen domadder d'Belaaschtung reegelméisseg um ganze Bausseskelett. De Panzer funktionéiert wéi eng Aart Stoussdämpfer.

Am Maschinnebau wär et ëmmer nees e Probleem verschidde Materialie stabil zesummenzebréngen. Dem klenge Kiewerlek seng Taktik kéint do ganz interessant sinn an hätt Perspektive virun allem an der Fluch a Raumfaart. Ëmmerhin ass d'Material do och immense Belaaschtungen ausgesat.

Hire Panzer schützt se also gutt, wann een Déier si wëll friessen. Geféierlech gëtt et just, wann dat Déier si am ganzen ofschléckt. Do hëlleft dann déi stabilste Rüstung näischt.