Wann een Thema de Moment all Gespréicher dominéiert dann ass a bleift et Corona, an alles wat domadder zesummenhänkt. De Pierre Weimerskirch aus der RTL Equipe huet sech zanter Ufank vun der Pandemie domadder beschäftegt an hat och e Podcast Exit, wou et 10 Episoden gouf an deenen hie mat Dokteren a Wëssenschaftler geschwat huet. Entre-temps ass de Pierre Papp vun engem klengen Mathis ginn, hien ass am Congé parental an huet elo aner Beschäftegungen. Nawell intresséiert hie sech weider fir d'Thema, a senger Fräizäit schreift hien e private Blog an dat huet eis derzou bruecht fir e reegelméissegen Podcast mat Iwwerleeungen zum Covid 19 ze maachen. D'Marie-Gales huet de Pierre kontaktéiert a gëschter ëm 13h00 éischte Froen op Distanz opgeholl.

29-10-2020 Podcast Wellebriecher (09h50)

D'Marie Gales wäert dem Pierre vun elo un all Mëttwoch Froe am Podcast Wellebriecher stellen an dat uschwätze wat wichteg ass oder gëtt. D'Situatioun an de Schoulen, déi héich Zuelen vun Infizéierten allgemeng oder awer och wat den Impfstoff bréngt. An all Woch gëtt et en Tipp, deen een ausprobéiere kann.