Normalerweis freet ee sech op Feierdeeg. Deen, deen e Sonndeg ass, war schonn ëmmer e ganz speziellen a meeschtens war ee frou wann en erlaanscht ass, well en een e bëssi bedréckt. Do gëtt een aus der Routine geheit, déi ee gewinnt ass an dat wëll een net sou gären. Elo kënnt derbäi, dass dëst Joer souwisou schonn e ganz besonnescht ass, an dofir ass de Patrick Greis um Märeler Kierfecht fir mat Leit ze schwätzen déi am gaangen sinn d'Griewer an d'Rei ze setzen, an en huet och Rendez-vous mam Paschtouer Edmond Ries.

29-10-2020 Allerhellege steet virun der Dier

An och muer um déi selwecht Zäit gëtt et en zweeten Deel vun dëse Kierfechtsgespréicher.
Den Dechen Edmond Ries ass awer och e Samschdeg tëscht 12 an 13 ee vun den Invitéen vum Background am Gespréich, wou et ëm déi sozial Aspekter vun der Pandemie geet. 2ten Invité vum Jean-Marc Sturm ass den LCGB-President Patrick Dury.