Jo och den Owend Champions League op RTL ZWEE.

Haut gëtt d'Partie tëscht Juventus Turin an dem FC Barcelona iwwerdroen, wéi gewinnt mat Lëtzebuerger Commentairë vum Tom Flammang a Paul Philipp vu 20:45 un. Apropos Champions League; d'nächst Woch dierft dir decidéiere wéi ee Match op RTL ZWEE gewise soll ginn. Dir hutt de Choix tëscht RB Salzburg géint Bayern München an Atalanta Bergamo géint Liverpool.

Natierlech leeft den Owend net nëmme Fussball op der Tëlee. 3 sat zum Beispill këmmert sech vun 20:15 un ëm d'Thema Internet. Fir d'éischt gesitt dir en Documentaire mat der Iwwerschrëft Neuland - Wer hat die Macht im Internet an direkt duerno um 21:00 e weideren Documentaire mam Schwéierpunkt Social Media a wéi dës sozial Medien eis ofhängeg maachen.