D'Pandemie mécht kreativ, dat hu mir an de leschte Méint well dacks gesinn an erlieft an dat ass och eppes vun deene positive Saachen wann et ëm de Virus geet. Ma net alles wat sou op de Maart kënnt, ass och wierklech nëtzlech. Aus der Rei onméiglech Erfindungen a Coronazäite produzéiert elo eng Firma aus Austin Masken déi als „Breathable Bacon“ fungéieren. Op den 1. Bléck nawell komesch, op den 2. Bléck awer och wéi d'Nicky Soisson fënnt. 

30102020 Mask mat Geroch

Et war jo nëmmen eng Fro vun Zäit: no de witzege Maske mat Fauldéiermuster an deene mat der eegener Mondpartie drop, déi hallef echt an hallef grujeleg ausgesinn, huet een THE Stoffstéck vum Joer nach eemol misste nei erfannen. An och wa mir als éischt op eng jäizeg Paillettesaison fir moudesch Matmënsche getippt hätten, ass et awer net ganz iwwerraschend, dass sech elo alles ëm den Doft dréint. Wa souguer Slipeinlage parfüméiert sinn, da gëtt et fir d'Produzente kee Grond virun Alldagsmasken Halt ze maachen.

Effektiv ass de Geroch ënnert deene Masken net ëmmer der Däiwel, zum Gléck vun eisem Entourage deen elo mol vun eisem vläicht dach net ëmmer immense Mondgeroch verschount bleift. Wann een dann och nach Knuewléck oder Ënne giess huet, dann ass d'Bëtschel awer fett! Ma do wees ee sech jo an Tëschenzäit ze hëllefen. Wann Zahnpasta, Mondwaasser oder e Knätsch net dee gewenschten Effet bréngen, da kann een och op ätheresch Ueleger zréckgräifen. Där ginn et der well eng Zäitche fir op d'Mask opzesprëtzen, falls een de Bus oder den Zuch besser mat Lavendel- oder Vanilldoft verdréit. Awer de Geroch vu Speck de ganzen Dag direkt virun der Nues baumelen ze loossen - op dës Iddi koum elo déi amerikanesch Firma Hormel an huet eng Mask mam Numm "Breathable Bacon" erausbruecht. 

U sech ass dës Firma en Traditiounshaus: zanter bal 130 Jore gëtt hei Fleesch produzéiert, dat virun allem agepak verkaf gëtt. Ma och si schénge mat der Zäit ze goen a sech der Situatioun gutt unzepassen. Mat där Mask wëlle si nämlech hire Fans a Clienten de "Black Label Bacon" méi no bréngen. Allerdéngs réit d'Firma explizitt dovunner of op dem Stoff ze knaen, wier net fir ze iessen. Ob ee sech allerdéngs selwer mat esou enger Mask vill Frënn mécht, bleift nach ze klären.