Et ass genuch lass am Schlappekino.

Op Pro Sieben gëtt zum Beispill erëm gesongen. Bei The Voice of Germany ass een den Ament nach bei de Blind Auditions, Depart ass um 20:15. Wie léiwer beim Zauberen nokucke wëllt, misst sech fir Sat 1 decidéieren; do leeft, och um 20:15, Harry Potter und die Kammer des Schreckens, dat ass d'Verfilmung vum 2. Roman ronderëm de jonken Zauberer deen zu Hogwarts an d'Schoul geet. Oder dir entscheet iech fir Vox den Owend, do gëtt nämlech d'Suite vu Ghostbusters gewisen. Am Film dee viru 4 Joer erauskomm ass, si keng männlech Jeeër an Aktioun mä 4 Fraen, ënner anerem d'Leslie Jones an d'Melissa McCarthy. Déi éischt Geeschter gi vun 20:15 u gejot.