Zitroune si richteg Zauberkënschtler ënnert de Friichten. Si si gesond, hëllefe beim ofhuelen an heelen. Zitroune si voller Vitaminn C, pushen deemno eisen Immunsystem a schützen eis viru Viren a Bakterien. Dobäi kënnt nach, dass se eis Zellen ënnerstëtzen, hëllefen d'Wonnen ze heelen an ze entgëften. Sou wäit sou gutt! Ma wousst Dir well, dass et gutt soll sinn, Nicky Soisson, owes eng Zitroun mat an d'Bett ze huelen?

12112020 Eng Zitroun nieft dem Bett

Also net direkt mat AN d'Bett, mee NIEFT d'Bett oder besser gesot op den Nuetsdësch!

Wëssenschaftler hunn effektiv an e puer Etüden erausfonnt, dass Zitrounen, nieft all deene bekannten Eegenschaften, och positiven Afloss op eise Schlof hunn. An dat direkt op e puer Weeër. Dofir musse mir einfach nëmmen eng Zitroun opschneiden, Salz op eng Hallschent streeën an dës virum Schlofe goen mat an d'Schlofzëmmer huelen. 

Duerch d'Zitroun soll sech, de Fuerscher no, d'Qualitéit vun eisem Schlof verbesseren. De Geroch vun der Zitrusfruucht huet eng entspanend a berouegend Wierkung op eist Wuelbefannen, änlech wéi Lavendel. Duerch deen agreabelen Doft kënne mir méi séier aschlofen a géinge souguer och méi fest schlofen. 

Wee kennt dee Sproch "Sauer macht lustig" net? Do ass eppes dru well schonns den Doft vun enger frëscher Zitroun suergt fir gutt Laun. Dee frësche Geroch vun der Zitroun hëlleft net nëmme beim Aschlofen, mee och beim Opstoen. Nieft engem bessere Schlof stimuléiert dës Fruucht och de Botestoff Serotonin, dee fir eist Wuelbefanne suergt an eis gutt gelaunt opstoe léist.

Och Allergiker an Asthmatiker profitéieren dovunner. Déi antibakteriell Wierkung vun der Zitroun befreit  d'Otemweeër a stäerkt den Immunsystem.

Wann de Geroch vun der Zitroun fir empfindlech Nuesen ze vill des Gudden ass, da stellt se einfach e bëssi méi wäit vum Kapp ewech. An deen dee méi eng intensiv Wierkung well, dee ka rengen äthereschen Ueleg vun der Zitroun benotzen. Dat allerdéngs net puer op d'Haut! E puer Drëpsen op e Nuesschnappech ginn duer fir déi voll Wierkung ze erreechen.