Allgemeng gëtt Aarbecht an eiser Gesellschaft als eppes Positives ugesinn. Wee schafft, bréngt eppes a ka sech säi Liewensënnerhalt selwer finanzéieren. Aarbecht steet och fir Struktur an dofir, dass een aktiv um Liewen deelhuele kann. Ma och wa mir vill Positives mat der Aarbecht verbannen, heescht dat net, dass méi Aarbecht och ëmmer besser ass. Well wien ze vill schafft, ka krank ginn, Nicky Soisson.

16112020 Workaholic

Workaholic, en Ausdrock deen nawell dacks vill ze séier gebraucht gëtt fir iwwer Leit ze schwätzen déi vill schaffen. Dobäi ass nach laang net jiddereen, dee vill a gär schafft direkt dovunner betraff. An awer kann Aarbecht süchteg maachen, eng Sucht, déi iwwregens vergläichbar mat där vun Alkohol, Glécksspiller oder Drogen ass.

E Workaholic huet effektiv dat zwanghaft Bedierfnis no Aarbecht, Perfektioun a Leeschtung. Dacks gëtt déi betraffe Persoun hirer Aarbecht ze vill Wäert a verléiert dobäi d'Gefill fir déi richteg Proportionalitéit. Si definéiert sech zum gréissten Deel iwwer hir Aarbecht. Fakt ass awer, dass meeschtens d'Aarbecht als Oflenkung gebraucht gëtt an dofir benotzt gëtt sech vu Gefiller oder eegene Problemer ofzelenken.

An der Reegel ass d'Krankheetsbild duerch verschidde Stadien gekennzeechent. D'Interessi un der Famill, de Frënn an de Fräizäitaktivitéiten léisst ëmmer méi no, iwwerdeems an d'Aarbecht ëmmer méi Zäit a Méi investéiert gëtt. D'Aarbecht gëtt mat heem geholl, owes ginn nach E-Maile beäntwert an de Weekend ass och net méi do fir ze entspanen.

Déi betraffe Persoun fënnt bei senge Matmënschen ëmmer nei Grënn firwat se grad elo keng Zäit fir Pausen oder Ofstand zu der Aarbecht huet. An iergendwann kënnt dann de Männche mam Hummer. Wann ee sech permanent iwwerfuerdert an d'Sucht no Aarbecht chronesch gëtt, da kënnt et nawell gären zu Krankheete wéi Burn-Out, Depressiounen, Häerz-Kreeslafproblemer oder Konzentratiounsschwieregkeeten.

De Problem ass awer, dass fläisseg, engagéiert Mataarbechter déi och gäre mol méi Aarbecht iwwerhuelen an Iwwerstonne maache, an all Firma gär gesi sinn. Virun dësem Hannergrond wierkt d'Sucht no Aarbecht guer net sou bedrolech. Ma well haut awer ëmmer méi Mataarbechter duerch psychesch Krankheete ausfalen, gëllt et verstäerkt op en Ausgläich tëscht Aarbecht a Fräizäit opzepassen.

Wann Dir de Verdacht hutt, e Workaholic ze sinn, da gitt de Grënn dofir mol op d'Spuer a sicht Iech Hëllef. Well wann Dir iergendwann bis ausgebrannt sidd, da kënnt Dir Ären Job eventuell eng laang Zäit guer net méi maachen.

Hei gëllt et wéi a villen anere Beräicher: léiwer mat Zäit bremsen éier et ze spéit ass!