Wann een am Sträit ass, fënnt een net ëmmer de richtegen Toun. D'Konzept vun der gewaltfräier Kommunikatioun soll dobäi hëllefen, och am Sträit déi richteg Wierder ze fannen. Wéi een och an engem Konflikt héiflech ka bleiwen an trotzdeem seng Meenung vertrëtt, weess d'Lea Schwartz.

16/11/2020 Sech am Sträit héiflech ausdrécken

Op der Aarbecht mat de Kolleegen, doheem mam Noper oder mat der Famill, am Alldag kennt et ëmmer mol nees vir: Mir streiden. Heiansdo och just wéinst Klengegkeeten, déi duerno da réischt esou richteg ausaarten an um Enn gehäit een deene Leit, déi een eigentlech ganz gären huet, Saachen un de Kapp, déi ee guer net esou gemengt huet. Trotzdeem kéint et och anescht goen. Op d'mannst dem Marshall Rosenberg no. Hie war en US-amerikanesche Psycholog an huet d'Konzept vun der gewaltfräier Kommunikatioun entwéckelt. Et géif net just dorëms goen, wat mir soen, mee virun allem wéi mir et soen.

Mir géifen eis Besoinen dacks net richteg ausdrécken. A wa mir eppes soen, da schwéngt do dacks schonn eng Wäertung mat. Säi Konzept besteet aus 4 Schrëtt. Huele mir mol un, de Probleem ass ee Kolleeg, deen ëmmer ze spéit kënnt.
Den éischte Schrëtt besteet aus der Observatioun. Mir benennen de Probleem, ouni eppes ze interpretéieren, just dat wat mir gesinn, schwätze mir aus. Dat wär zum Beispill ze soen, dass de Frënd elo schonn déi zwou leschte Kéieren ze spéit komm ass. Et bleift ee bei de Fakten. Net esou gutt wär et direkt ze ënnerstellen, dass een ëmmer ze spéit kënnt.

Beim 2. Schrëtt geet et dorëms seng Gefiller auszedrécken, dem Géigeniwwer souzesoe kloer maachen, wat säi Verhalen an eis ausléist. Dat mécht eis zum Beispill traureg oder rosen. Wat eis och direkt an déi 3. Phase vun der gewaltfräier Kommunikatioun bréngt. Et soll ee säi Besoin definéieren, firwat ass een traureg? Wann deen aneren zum Beispill ëmmer ze spéit kënnt, mécht eis dat vläicht rosen, well mir d'Gefill hunn, mir sinn him net esou wichteg. Mir sinn eng Persoun, déi ee jo mol waarde ka loossen. Et feelt eis un Wäertschätzung an déi brauche mir.

Als leeschte Schrëtt geet et dann dorëms ze soen, wat ee gären hätt. "Kanns de net probéiere mat Zäiten ze kommen?"
Dem Rosenberg seng Fauschtreegel léisst sech och an engem Saz resuméieren. Wann ech dat gesinn, fillen ech mech esou a brauch awer dat Gefill. Dofir hätt ech gären eppes.

Säi Konzept géif souwuel an der Diplomatie benotzt ginn, ma och doheem an de private Bezéiunge funktionéieren. 2015 ass de Rosenberg gestuerwen. Wëssenschaftlech ass dat ni sou wierklech ënnersicht ginn, ma bis haut ginn et Coursen op der ganzer Welt fir d'Konzept ze léieren.

Schonn als Jugendlechen an de 1940er Joren hätt hien erlieft wéi Leit mat däischterer Hautfaarf diskriminéiert gi sinn. An hien hätt dës Ausgrenzungen als Judd och perséinlech matkritt. Déi Erliefnisser hätten hien esou gepräägt, dass hien sech bis zum Schluss vu sengem Liewe géint Gewalt a fir de Fridden agesat huet.