Algorithmen, déi eis no Schéinheet, Alter, Geschlecht, Emotiounen, Kierpergewiicht a souguer Liewenserwaardung bewäerten, ginn et der ëmmer méi. Zum Beispill Tinder benotzt Schéinheetswäerter fir potentiell Partner ze fannen, déi genee sou attraktiv sinn an dat iwwert de Body-Mass-Index unhand vu Fotoe vu Krankeversécherungen. Dat kann, Nicky Soisson, muss awer net zu eisem eegene Virdeel geschéien, wéi de Projet "How normal am I" weist, dee vun der EU ënnerstëtzt gëtt.

17112020 Wei normal sinn ech

Wéi den Initiateur, den hollännesche Kënschtler an Architekt vun der Privatsphäre Tijmen Schep, demonstréiert, schaffen Algorithme fir Gesiichtserkennung respektiv Beuerteelung nach net wierklech zouverlässeg a loosse sech deementspriechend liicht austricksen. Sou kann zum Beispill d'Altersprognose manipuléiert ginn andeems ee säi Gesiicht erop an erof beweegt. Oder den Attraktivitéitswäert ka klammen wann een d'Luucht ausmécht a wann ee méi e niddrege Body-Mass-Index well, geet et duer d'Aperhoer an d'Luucht ze zéien.

Ofgesinn dovunner, dass se liicht ze manipuléiere sinn, ginn och d'Virurteeler vun Algorithmen opgedeckt. Den Algorithmus fir d'Bewäertung vun der Schéinheet gouf zum Beispill mat Fotoen trainéiert, déi vu Studenten a China bewäert goufen wou komplett aner Schéinheetsidealer gëlle wéi hei. Aner Algorithme baséieren op Fotoe vun Hollywood-Schauspiller a liwweren deemno och net wierklech richteg Resultater.

Wee wësse well wéi normal en ass a wéi et ëm déi eege Schéinheet, d'Gewiicht, den Alter oder d'Liewenserwaardung steet, kann dëst iwwer d'Internetsäit hownormalami.eu selwer erausfannen an dës Parameter eleng mat sengem eegene Gesiicht duerch Algorithme beurteele loossen. A fir d'Privatsphäre ze schützen, goufen d'KI-Modeller sou modifizéiert, dass si am Browser lafe kënnen. Déi komplett Analyse wier lokal um eegene PC, Notebook oder Smartphone, virausgesat et huet een eng Webcam. Et géifen deemno keng perséinlech Donnéeën an d'Cloud geschéckt ginn, sou de Schep.

Dem Hollänner seng Angscht ass et allerdéngs, dass dës KI-Systemer an Zukunft ëmmer méi dacks dofir benotzt gi fir eis a Relatioun mat aneren ze setzen an eis esou op laang Siicht dozou motivéiere kéinten esou duerchschnëttlech wéi méiglech ze sinn. Fir déi kulturell Vilfalt an den Individualismus géing dëst deemno d'Enn bedeiten.