Et muss net ëmmer de Spinning- oder Body-Pump Cours am Fitnessstudio sinn. Einfach kleng Verännerungen am Alldag kënnen dobäi hëllefen de Stoffwiessel unzekuerbelen an esou zu engem méi héije Kalorieverbrauch féieren. D'Nicky Soisson verréit Iech e puer Tipps déi dir ganz ouni Méi zur Gewunnecht maache kënnt.

18112020 Einfach Kalorien am Alldag verbrennen

Am Alldag méi Kalorie verbrennen geet mat e puer Tricke ganz liicht. Amplaz de Lift oder d'Rulltrap ze benotzen, probéiert et einfach mol per Pedes mat den hondsgewéinlechen Trapen. Hei gi grouss Muskelgruppe benotzt, wat de Kalorieverbrauch an d'Luucht dreift.

Mam Vëlo op d'Aarbecht ze fueren ass net nëmme méi ëmweltschounend wéi mam Auto, mee ënnerstëtzt virun allem eis Gesondheet. Net nëmmen, dass ee méi Kalorie verbrennt, et mécht och de Kapp fräi, ass gutt fir d'Häerz, stäerkt eis Ofwier a verhënnert Krankheeten. D'Gestrampels um Vëlo ënnerstëtzt och laangfristeg de Fettstoffwiessel. 

Wéi wier et wann Dir de Kannapee an Zukunft mol méi dacks géingt de Muppen oder Kazen iwwerloossen? Sech beispillsweis beim Tëlee kucken oder Telefonéieren op de Buedem sëtzen, dat verbraucht méi Kalorien.

D'Muskele schaffen an där Positioun nämlech permanent an och d'Opstoen ass méi ustrengend wéi wann een dat vum Kannapee mécht. 

Um Büro kënnt Dir iwwregens och kierperlech méi aktiv ginn. Hieft vun Zäit zu Zäit mol Äre Kickes a probéiert einfach esou vill kleng Weeër wéi méiglech ze goen oder am Stoen ze schaffen, zum Beispill beim Telefonéieren.  Am Schnëtt sollt en Dag um Büro aus 60% mat Sëtzen, 30% mat Stoen an 10% mat Beweegung verbruecht ginn.

A wa mir da well beim Schaffe wieren, wee permanent ënner Stroum steet, deen ësst méi a beweegt sech manner. An de Schlof gëtt méi schlecht. Alles dat beaflosst de Kalorieverbrauch. An enger Laangzäitetüd mat Fraen, déi ënner Schlofmangel leiden, hu Fuerscher erausfonnt, dass déi Leit mat 7 bis 8 Stonne Schlof dee klengste Risiko hätte bäizehuelen, iwwerdeems Testpersoune mat nëmme 5 bis 6 Stonne Schlof däitlech méi u Gewiicht zougeluecht hunn. Vun dohier ass et wichteg sech nieft der Aarbecht och ze entspanen a genuch ze schlofen!

Generell gëllt, wee gutt duerchtrainéiert ass – also grouss Muskelen huet –, verbraucht méi Kalorien. Onofhängeg vun der Beweegung ass de Kalorienëmsaz och méi héich wat ee méi jonk a méi schwéier ass.  Vun dohier ass et definitiv kee Feeler, sech fit ze halen a seng Muckien op Héichtouren ze bréngen!