Dovunner schwätzt de Chaos Computer Club an engem Communiqué. Wann dat géif kommen, wier et net méi méiglech, verschlësselt mateneen ze kommunizéieren ouni dass en anere ka matliesen. Mir hu nogefrot.

30/11/2020 Uschlag op d'Enn-zu-Enn-Verschlësselung?

Dat hëlt een esou net hin, esou de Sam Grüneisen, deen och d´Hannergrënn erkläert. Wann dat géif kommen, wier et net méi méiglech, verschlësselt mateneen ze kommunizéieren ouni dass en anere ka matliesen.

26-11-2020 c3l 2

© Pixabay

Kriminell Aktivitéiten ewéi Kannerpornografie an Terrorismus géifen also en anere Wee fannen. Mä wann déi bekannten Appen a Programmer eng Hannerdier agebaut hätten, géifen se komplett de Notze verléieren fir Leit, déi wierklech drop ugewise sinn, ewéi zum Beispill
Whistleblower, Journalisten an Aktivisten. De 0-8-15-User kréich dovunner net vill mat. Dat hei dierft eis awer intresséieren, och wa mer näischt ze verstoppen hunn:

26-11-2020 c3l 2

"Esou sollen d'Hiersteller vu bekannten Appen eng Hannerdier abauen, fir dass d'Geheimdéngschter Zougrëff op d'Chats kënne kréien. Dat gouf och schonn dacks probéiert, mä bis ewell hate se nach kee Succès domadder. Wann d'Benotzung vu Verschlësselung bis kriminell ass, wäerten och just nach Krimineller d'Verschlësselung benotzen. An dat geschitt dann och net iwwer bekannten Appen, mä iwwer Programmen wou et keng esou eng Hannerdier gëtt. Dat doten ass pueren Aktionismus, deen einfach déi falsch trëfft. E Kaz-a-Maus-Spill wat d'Justiz net gewanne kann."

De Chaos Computer Club huet eng Fuerderung vun dräi Punkten un d' EU an hir Memberstaaten. All Pläng opzeginn, déi  dozou féieren dass Informatiouns-Sécherheetsmesuren geschwächt ginn an dass d'Entreprisen net dozou verflicht ginn, e sougenannten Screening vun de Messagen virun der Verschlësslung duerchzeféieren...

30/11/2020 c3l 3

"Et muss een dann awer och am Hannerkapp behale, dass alles wat een engem schreift, gespäichert gëtt. Wann et bis ee Generalschlëssel gëtt (esou ewéi dat elo gefuerdert gëtt), dann dauert et net méi laang bis et zu engem Dateleak kënnt, op duerch technescht oder mënschlecht Versoen."

© Pixabay

Op déi Manéier kann de Chaos Computer Club och eppes op EU-Niveau beweegen. Bei Froen kennt Dir Iech zu all Moment bei hinne mellen, do kritt Dir och Informatiounen zu Alternativen zu Whats App, Facebook a Kompanie.