All 4. Erwuessenen a ronn 80 Prozent vun de Jugendleche beweegen sech net genuch, dat erginn Donnéeë vun der Weltgesondheetsorganisatioun. 21 Minutte Sport den Dag sollt all Erwuessene maachen, bei Kanner souguer nach méi.

30112020 Onbedengt beweegen

Am Wanter ass et jo net besonnesch attraktiv fir Sport ze dreiwen. Et ass fréi däischter a kal, also wee wëll sech do schonn no engem laangen Dag nach ofrackeren? Ma grad dofir ënnersträicht d'Weltgesondheetsorganisatioun wéi wichteg d'Beweegung ass. All Joers stierwen hire Schätzungen no 4 bis 5 Millioune Leit, un Ursaachen, déi duerch genuch Sport a Beweegung hätte kéinten evitéiert ginn. Och de Risk fir Häerzkrankheeten, Diabetes 2 oder Kriibs kann duerch reegelméisseg kierperlech Aktivitéiten erofgoen.

Spadzéieren, Vëlo fueren oder kleng Aarbechten am Gaart zum Beispill sinn eng gutt Aart a Weis fir sech ze beweegen, dobäi kënnt, dass een an der frëscher Loft ass. A wien dat reegelméisseg mécht, spiert och bestëmmt positiv Auswierkung u senger eegener Laun. Duerch d'Beweegung gi jo och Gléckshormoner fräigesat. Domadder eleng wär et awer net gehalen. De Muskelopbau, géif dacks vu ville Leit vergiess ginn. A grad Kraaftübungen hätten eng immens positiv Auswierkung op eis Gesondheet. Dozou ziele Saache wéi Pompelen, an d'Knéie goen oder den Training u Sportgeräter.

Erwuesse Mënsche sollen 2,5 bis 5 Stonnen d'Woch Sport dreiwen an am beschten nach zwee mol d'Woch Kraaftübunge fir de Muskelopbau mat aplangen. Dat recommandéiert d'WHO. Dat kléngt fir d'éischt mol no vill Opwand, mee dat ëmgerechent op den Dag, si grad mol 21 Minutten.

Fir Kanner a Jugendlecher ginn dogéint 60 Minutten den Dag geroden. An dräi Deeg an der Woch och mol méi en intensiven Training. Leit vu 65 Joer u solle virun allem Wäert op Balance a Koordinatiounsübunge leeën. An dat zwee bis dräi mol d'Woch.

Aktuell verlaangt et e bëssen Kreativitéit wann een Sport maache wëll. D'Fitnessstudioen sinn zou an Sportaarten an Hallen fir dräi Wochen viraussiichtlech ofgesot. Wat bléift ass alles wat een doheem, eleng oder un der frëscher Loft maache kann.