"An eppes wat voll ass, passt näischt méi eran." Dee Saz kann zum Aha-Erliewnëss ginn, fir jiddereen deen e bësse méi genee driwwer nodenkt. Grad wann de Besoin no Entschlaken an Entgëften opkënnt, oder wann een no enger Solutioun fir Kierperlech Bobo'en sicht, da gëtt et näischt Besseres wéi "Lassloossen". Eng Kur mat basesche Bieder kann hei Wonner wierken.

04122020 Basesch Bueden - Wat ass dat

Basesch Bueden ass ideal, net nëmme fir gestressten Zäitgenossen, ma och fir jiddereen dee gären Eppes fir seng Gesondheet, säi Wuelbefannen an eng schéin Haut mécht. Duerch esou e Basebad gëtt de liicht saueren natierlechen Hautmilieu nämlech neutraliséiert, an dat entzitt och Bakterien déi fir schlechte Geroch suergen, den Nährbuedem.

Duerch des Stabilisatioun gëtt och beschiedegt oder gereizten Haut nees an den Zoustand bruecht, dass se sech vum selwe regeneréieren a mat Fett a Fiichtegkeet versuerge kann. De Virdeel: Et brauch een net op e RdV ze waarden an et muss och net am Virfeld geplangt ginn, e Basenbad ass also wéi eng kleng Kur, oder e Wellnessopenthalt doheem.

RTL

© pexels

Basesch Bieder sinn och keng Neierfindung, ma si schonn zanter Joerdausenden fir hir Heelkraaft bekannt. E bëssen an de Vergiess geroden, erlieft dat traditionellt Naturheelmëttel an der Hydrotherapie dann haut nees eng Aart Renaissance an och den néidege Respekt. E basescht Bad ass ze vergläiche mam andauchen an e Salzséi, e Mineralbad, oder eng waarm Therme wéi een se op spezielle Plazen an der Welt fënnt.

RTL

© pexels

D'Buedwaasser soll eng Temperatur vun 35-38 Grad hunn. Et ass wichteg genuch Waasser an d'Bidden ze maachen, dass de ganze Kierper bedeckt ass, Héichwäertegt Basenbad Salz gëtt dann an d'Waasser geschott, bis de richtege PH Wäert vun 8,5 - 9,5 erreecht ass. Nomoosse kann een dat mat Teststräifen, déi een an der Apdikt oder an der Droguerie ze kafe kritt. Dat ass dann de perfekte Milieu fir d'Osmose. Esou nennt een de Prozess bei deem d'Saieren aus de Pore vun der Haut erauszéien.

E Bad sollt op mannst eng Stonn daueren, woubäi ee bei enger traditioneller Kur 3-5 Stonnen arechne muss. Zousätzlech kann och mat Massagehändschen fir eng gutt Duerchbluddung nogehollef ginn. Ofdusche sollt een dono och net, esou dass de Film op der Haut drop bleift. An dono ass Rou ugesot.