Explizéieren wat et mat Corona op sech huet, ass d'Haaptmissioun vun dësem Podcast vum Marie Gales a Pierre Weimerskirch. Dir kennt bestëmmt nach d'Situatioun als Kand wann der gefrot hutt, "firwat ass dat esou" an iergend een huet Iech gesot "duerfir mäin Kand".
Fir dass mir Erwuessen och verstinn firwat verschidden Mesuren elo geholl ginn, respektiv dass ee seng eegen Responsabilitéit huele soll och ouni dass een derzou opgefuerdert gëtt, ass et gutt wann een vun Zäit zu Zäit eng kleng Nohëllefsstonn kritt, och a Saachen Chrëschtdag a wéi een 2020 feiere soll.
Also net "alle Jahre wieder - Same procedure as every year"

04-12-2020 Podcast Wellebriecher Episod 6 (17h10)

Déi speziell Rechemaschinn déi ënner Ëmstänn liewe rette kann fann der op rtl.lu an och do gëtt et de ganze Podcast vu gutt 20 Minutten