Wéini hutt Dir Iech déi leschte Kéier sou wierklech gutt gefillt a sidd mat engem breede Laache a voller Zouversiicht duerch d'Strooss gesprongen? Oder anescht formuléiert: Wéini war Dir wierklech glécklech? Et ass een erstaunlecht, e wonnerbaart Gefill wat déi meescht ënnert eis awer leider vill ze seelen erliewen! Firwat dat esou ass a wat ee maache ka fir méi glécklech ze liewen, gitt Dir elo direkt gewuer.

04/12/2020 Glécklech ginn an et bleiwen

Meeschtens ginn als Erfollegsrezepter fir de Wee zum Gléck eng besser Karriär, méi Suen oder eng schéi Bezéiung genannt. Ma deem widdersprécht d'Wëssenschaftlerin Wendy Zukerman elo an der leschter Episode vun hirer bekannter Podcastserie "Science VS".    

D'Wendy gräift bei hirer Behaaptung op eng helle Wull un Donnéeën zréck wéi si iwwer Déngschter wéi d'"Mappiness App" oder dem "World Happiness Report" zur Verfügung stinn. Hei beäntwerten Dausende vu Leit fräiwëlleg Froen iwwer hir Liewensqualitéit an hiert Wuelbefannen an eben och ob si glécklech sinn.

Nach ëmmer konnt net bis an de leschten Detail gekläert gi wat den Homo Sapiens wierklech an en absolutte Gléckszoustand versetzt. Mee aus wëssenschaftlecher Literatur loosse sech Trends erausliesen.

Eng grouss Etüd mat 20.000 eeneeëgen Zwillingen huet erginn, dass fir 33% vum Glécksgefill d'Gene responsabel sinn!  Weider wëssenschaftlech Aarbechte weisen, dass tëscht 10 a 60% vun eiser allgemenger Liewensastellung  entstinn. Wéi och ëmmer dës Zuelen zesummegerechent ginn, sou bleift nëmmen e klenge Prozentsaz fir Karriär, Bezéiung a Suen iwwreg. Dat soll elo net heeschen, dass eng Promotioun kee Glécksgefill ausléist, ma laangfristeg gesinn hunn esou Saachen nëmmen e begrenzten Afloss dorobber ob ee sech och glécklech fillt.

E psychologescht Phenomen, dat als hedonistesch Adaptatioun bezeechent gëtt a fir d'éischt an de 1970er Joren opkomm ass, seet, dass e bestëmmte Grad vun eisem Glécksgefill konstant bleift - egal wat am Liewe geschitt. Nodeems ee vläicht eng Promotioun op der Aarbecht krut, geet een zwar feieren an et fillt ee sech gutt. Awer dat Gefill bleift nëmme kuerz, sou d'Theorie. D'Konzept vum glécklech si gouf iwwer Joerzéngte vu Fuerscher analyséiert, ma d'Resultat ass ëmmer nees dat selwecht: Dir kënnt Iech esou vill ofstrampele wéi Dir wëllt - méi glécklech gitt Dir trotzdeem net!  

Ma flott!

Déi gutt Nouvelle ass awer déi, dass et e puer wëssenschaftlech fondéiert Rotschléi gi wéi ee méi glécklech liewe kann. Dozou gehéieren zum Beispill d'Meditatioun, aneren hëllefen, als Benevole schaffen, eraus an d'Natur goen oder awer och sech fir kulturell Eventer z'interesséieren.

Da wësst Dir jo elo wat Dir ze maachen hutt.